Andréck Route du Vin 2017

Oder fir déi Kleng – Route du Jus de Raisin

Wéi all Joer, war et de Sonndeg, 24. September, nees emol esouwäit. Fir déi 56. Kéier hunn sech sëlleche Leeferinnen a Leefer ob der Musel getraff fir beim grousse Volleksfest, der Route du Vin mat ze maachen.

 

Niewent deene grousse Leefer waren och d’Mini- an d’Maxi-Leefer um Depart. Och si hunn sech richteg gutt dru ginn an hunn et genoss vu esou ville Leit laanscht d’Streck ugefeiert ze ginn. Wa bei de Mini-Leefer Zäit nach “puups” egal ass, rennen se bei de Maxi-Leefer hier Cours awer scho mam Chip; genee wéi déi ganz Grouss. A si kämpfen och entspriechend fir all Plaz.

 

 

Als éischt sinn dann awer alleguer d’Leefer ob de Semi-Marathon geschéckt ginn. Hei hunn sech eis national Spezialiste mat der Konkurrenz aus der ganzer Welt gemooss. Et ware Leefer aus allen Deeler vun der Welt dobäi. Gewonnen huet finalement den Zelalem Mengistu aus Ethiopien, zweete gouf en Sportler aus Kenia, den Ezra Kering. Déi stolz Unzuel vun 1257 Leeferinnen a Leefer hunn d’Ziel da passéiert.

 

Bei der grousser Cours ronderëm de Semi-Marathon goufen dann och d’national Meeschtere gesicht. Bei de Fraen, wéi och bei de Männer stellt d’Famill Mellina dëst Joer déi 2 Champion, de Pol an seng Schwëster Martine sinn als éischt Lëtzebuerger iwwert Ziel-Linn gelaf.

 

Nodeems dann déi Grouss un den Depart gaange sinn a fortgelaf waren, ass d’Cours vun de Minie gestart ginn. Genee wéi beim Start vum Semi-Marathon gouf et en Countdown, dee vun enger flotter Musek begleet gouf. Nodeems déi kleng Däbbessen ukomm waren, sinn  d’Maxien, respektiv d’Debutanten un de Start gaangen. Si hunn dann och scho misste méi wéi lafen an hunn ëm all Meter gekämpft.

 

Während dem ganzen Nomëtteg stoungen d’Leit ronderëm d’Streck an hu jidderee bei dësem aussergewéinleche Sportsevenement ugefeiert. Et war also en gelongent Evenement, dat een dann och net huet dierfe verpassen!

 

Fir d'Fotoen vun der Route du Vin 2017 ze entdecken, klickt hei.

 

Entdeckt nach aner flott Artikele ronderëm de Sport:

  • De 7. Oktober ass de Broschtkriibslaf - Laft och dir mat a wéist esou är Solidaritéit mat de Betraffenen. (Op Franséisch)
  • Fir all déi, déi net ganz esou gär lafen an awer gären dobausse sinn: Maacht einfach mol eng Randonnée an entdeckt gläichzäiteg déi schéinsten Ecker zu Lëtzebuerg. By Jessica Gaspar (Op Franséisch)
  • Fir den Oliver Gorges war et des Joer verletzungsbedengt eng spéit Saison ginn. Wéi et him bis elo ergaangen ass verréit hien eis hei. By Oliver Gorges (Op Däitsch)

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.