AgoraphoVie

Et kann all eenzele vun eis erwëschen. Egal wou, egal wéini. Moies drénkt ee gemitterlech Kaffi an aus dem näischt tauche Symptomer op di engem den Otem huelen. Herzrasen, Schweessausbrësch, zidderen, den Hals geet zou, do passt knapp nach Loft duerch. Et muss en Häerzinfarkt sinn. Zum Gléck si mer net méi op en heroeschen Akt vun eisem treie Véierbeener ugewisen deen eis a leschter Sekonn den Telefon bréngt. Den Handy läit schonn nieft der Kaffistaass.  Wéi am Dram wiele mer den 112 a schloen Alarm. En Häerzinfarkt, hei geet et em Liewen an Dout, a mir géife léiwer liewen. Schwindel kickt an. Dat muss de Sauerstoffmangel sinn. De Fakt dat eist Häerz grad spierbar méi dervun an eis eranpompelt wéi mer iwwerhaapt brauchen ass eis entgaangen. D’Ambulanz ass endlech do. Wisou geet et eis eigentlech bemol besser? Mir sinn dach grad um stierwen.

Séier stellen se am Spidol fest dat et eng Panikattack war, a schécken eis heem.

7 vun 8 Betraffener akzeptéieren hir Diagnos a kucken net mi zréck. Den 8. bleift drop hänken. Eng Panikattack? Nee dat hëlt en net sou hin. Eng „Kappkrankheet“ kann dem Kierper sou eppes net undoen. Den Urgentiste huet eppes iwwersinn, elo gëtt mol den Hausdokter ugeruff. Där Saach muss een op de Gronn goen.

Säit puer Wochen hunn se eis op der Arabescht schonn net mi gesinn. Mir kënnen de Risiko vun engem neien Ufall net agoen. Mam Hausdokter sinn mer mëttlerweil per du, ëmmerhi gesäit en eis zwee mol den Dag. Mir fillen eis bal wéi doheem am Wartesall. Nieft dem Computer stapelen sech Rechnungen aus verschiddene Spideeler. Tumor am Gehir war keen ze fannen, eis Schilddrüse fonctionnéiert ouni Problem, de 24 Stonnen EKG war frustréierend reegelméisseg.

Krankeschäi gëtt et elo mol kee méi, also geet et zréck op d’Aarbecht. De Wee fir dohi war scho keen einfachen, an 20 Minutten nodeems mir ukomm sinn sëtze mer erëm an der Ambulanz. Lo ass et awer definitiv 5 vir 12. Neie Krankeschäin an eng Verschreiwung fir divers Medikamenter. Di sollen hëllefen? D’Packungsbeilag seet dat ee vun honnertdausend!!! Fäll kéint Otemnout kréien dovun. Nee nee, dat loosse mer léiwer sinn. An de Kaffi loosse mer och op der Säit, Herzrasen ass einfach ze riskant. Ab haut gëtt de Waasserkocher iwwerstrapazéiert. Kamillentéi vu fréi bis spéit.

Vläicht hëlleft e klenge Spadséiergank mam Mupp. Wat kann do scho schif goen? Haut gi mer awer léiwer de Wee wou ee Leit untrëfft. Et weess ee jo ni. Sollt een dann awer ëmfale kann och e Friemen hëllefen.

Ma dat war jo e schéine Reinfall. Och an der fréier Natur gëtt et engem schlecht. An Leit...nee nee dat ass ganz schéi schwindelerregend. Dann bleift een alt doheem. Do ass et sécher, do sinn di Symptomer net spierbar. Wéi gutt dat ee Famill a Kollegen huet di engem dat néidegt bréngen, engem nolauschteren a Gesellschaft leeschten. Wéi gutt ze wëssen dat een net eraus muss, wou et engem schlecht gëtt. Wéi gutt dat een net mierkt dat een sech elo grad ugekett huet.

Mäin Numm ass Marika, ech liewen eng AgoraphoVie a wär gären AgoraphoFree.

Gären huelen ech iech a mengen nächsten Artikele mat op eng Rees duerch d'geeschteg Frequenze vum ängschtleche Gehirnareal,  verrode wéi een se berouegt a wisou se iwwerhaapt do sinn.

 

About the author

Marika De Priori
Marika De Priori

Marika, Mamm vun 3 pelzege Mädels, di mech op hiren 12 kuerze Been duerch déck an dënn begleeden.

Et grenzt un e Wonner dat ech net mat enger Füllfieder an engem Buch am Grapp op d’Welt komm sinn, sou grouss ass meng Leidenschaft fir d’geschriwwent Wuert. Ech stieche meng Nues gären an al Bicher an hoffen enges Daags och anform vunGeschichten eng Spuer ze hannerloossen..