6 Grënn firwat een Zoppen iessen soll

E Begleeder fir den Hierscht

Lo ass et erëm esou wäit: d’Schueberfouer ass eriwwer an domat och de Summer. Virun eis stinn e puer dréif Méint, déi - wann mir éierlech sinn - eigentlech keen esou richteg gären huet. Verdreemt an e bëssen traureg denke mir un d’Sonn, d’Vakanz an un déi gréng Wisen, während mir de Wantermantel scho prett leeën an de Prabbeli bei Hand halen. Den Hierscht fillt sech un, wéi eppes Friemes, eng Aart Zwëschenstadium. Op der enger Säit stinn d’Erënnerungen un de Summer, op der anerer Säit klëmmt esou lues schonn d’Virfreed op de Wanter, Chrëschtdag an de Schnéi. Mee bis datt mer esou wäit sinn, verfält sou munch een an de Latz vum Alldag.


All Saison huet hir gutt Säiten, et muss ee just en bësse méi genau kucke fir si ze gesinn. Ech gleewen dorun datt een un deene klenge Saachen am Liewe Freed fanne soll, sief dat elo am Hierscht un dem Reebou un Blieder déi geschwënn falen oder un de Käschten aus deenen d’Kanner mat Fixspéin Männercher bastelen. Eppes wat am Hierscht ëmmer beléift ass, sinn och Zoppen aller Aart. An genau iwwer déi wëll ech dir haut en bësse méi verzielen.

1) Zoppe ginn ni langweileg

Eriwwer sinn d’Deeg vun der “Zopp Zopp”. Du kenns se och, déi traureg Zopp, déi schmaacht no… jo, wat eigentlech… no Zopp eben. Et gëtt mindestens eng Zopp fir all Stëmmung. Et ginn esou vill Zorte Geméis a Gewürzer a Goûten op der Welt, déi een all ka matenee kombinéieren.

2) Zoppe si gesond

Ech mengen zu dem heite Punkt brauch ech net vill ze soen. Datt Zoppe gesond si weess wahrscheinlech jiddwereen. Wien mengt en gëtt dovun net sat, ka probéieren eppes an d’Zopp bäi ze maachen, wéi zum Beispill Nuddelen, Räis, rout Lënsen oder souguer Tofu.

3) Zoppe sinn einfach

Alles an een Dëppe geklaakt, den Deckel drop, lues kache gelooss an zack: leckert, gesond a hausgemaachen Iessen ouni groussen Effort. Wann een en grousst Dëppe voll mëscht kann ee kleng Portiounen afréiere fir wann et mol eng Kéier ganz séier muss goen.


4) Zoppe si fuerweg

Et ass wichteg en bësse Faarf an déi gro Hierschtméint eran ze bréngen. Wéi wier et mat enger kräfteg rouder Tomatenzopp, enger erfrëschend grénger Ierbessen a Spinat Zopp, enger eleganter wäisser Choufleur Zopp oder mat enger liichtent oranger Kürbiszopp.

5) Zoppe si bëlleg

Eben wëll si esou villsäiteg sinn, kann ee wierklech alles zu enger Zopp verschaffen. Reschter Geméis aus dem Frigo, déi net méi super frësch ausgesinn? An d’Zopp domat. Du planz däin eegent Geméis am Gaart? An d’Zopp domat. An denger Tru leien ze vill Päck un gefruere Geméis? An d’Zopp domat. Du gesäis wourop ech eraus wëll.

6) Zoppe si gutt fir d’Séil

Wann een no engem laangen an triipsegen Dag owes heem kënnt gëtt et dach bal näischt besseres, wéi eng dämpent waarm Schossel Zopp.

 
Da lee elo lass, a free dech op e faarwegen Hierscht, mat leckeren Zoppen, Käschte-Männercher an engem waarme Feier am Kamäin.

About the author

Sven Mühlen

Mäin Numm ass Sven an ech hunn 22 Joer. Ech wunnen am Oste vum Land, mä verbrénge vill Zäit am Joer méi nërdlech op der Weltkugel: ech studéieren a Schottland. D'Wieder ass do iwwregens guer net esou schlecht, wéi et ëmmer heescht.

Ech sinn och nach bekannt als de grénge Léiw. Op mengem Blog befaassen ech mech mat allem wat zum vegane Liewen zu Lëtzebuerg gehéiert.