Wat féiere mir Valentinsdag?

Vältesdag als Dag vun de Verléiften?

Also eent ass emol sécher: beim Valentinsdag handelt sech ëm den Dag vun de Verléiften an dat zënter “ëmmer” den 14. Februar.

Awer firwat oder wat féiere mir dann deen Dag? Wéi esou oft bei de ganz ale Bräich... Mir wëssen et net genee. Wat ass gewosst?

 

Den 14. Februar huet de Poopst Gelasius, den Éischten, als Gedenkdag un de Hellege Valentin an ‘t Liewe geruff. Sou, a do läit elo Kromm an der Heck. Den Hellege Valentin? Där goufen et eng ganz Réi am Laf vun de Joren. An mir wëssen net genee u wien geduecht soll ginn. Haaptsächlech 2 Verschiddener kommen a Fro:

 

Wahrscheinlech soll sech un de Valentin vun Terni erënnert ginn. Hien huet trotz Verbuet sech getraut Verléifte ze bestueden a gouf dofir de 14. Februar 269 higeriicht. Awer och wann e Poopst den Dag agefouert huet, ass den 14. Februar net méi e kathoulesche Gedenkdag. Am Joer 1969 gouf den en aus dem réimesche Generalkalenner gestrach.

 

Den Dag ass esou bekannt, wahrscheinlech, duerch en Gedicht vum englesche Schrëftsteller Geoffrey Chaucer. Et gëtt ugeholl datt säi Gedicht “Parlement of Foules” de Grond fir  d’Valentinsfeier beim Kinnek Richard II war. Dunn hunn englesch Auswanderer de Brauch mat an d’USA geholl vu wou aus en dann am 2. Weltkrich nees iwwert de grousse Pull bei eis koum.

 

Mëttlerweil gëtt Valentinsdag praktesch op der ganzer Welt gefeiert, woubäi wuel haaptsächlech d’Séissegkeetenindustrie an d’Blummebutteker vu Vältesdag profitéieren.

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.