VTT Beckerich

En Tour am Nord-Westen

Den “MTB Trail Beckerich” ass en offiziell geschëlderten Mountainbike Circuit an ech hat en scho mi laang op menger To-Bike-List, d’Géigend ass mer net ganz onbekannt, sou sinn ech do den een oder aneren Trail schon op der organiséierter Randonnée vu Hobscheid oder déi vun Ell gefuer an et huet mer nach ëmmer gutt gefall. Dësen offiziell geschëlderten Circuit wollt ech dann och mol eng Kéier testen an sou sinn mäi Brudder an ech bei schéinstem Hierschtwieder op Testfaart gaangen.

De Circuit fënnt een um Geoportail, wei och um Site vun visitluxembourg. Um Leschten huet et leider un Iwwersiicht an Informatiounen gefeelt, sou erkennt een net richteg de Verlaf vum Tour an en Hiwäis wou een parken an den Tour ufänke sollt feelen leider och. Des Opmaachung gëtt dem Trail an d’Aarbecht di doranner gestach huet net gerecht.

De Circuit besteet aus 3 Bouclen, dat wier den Haaptcircuit mat 17,5km mat Méiglechkeet op 12,5km ofzekierzen, un den Haaptcircuit kann een dann nach je no Loscht an Fitness d’Boucle vum “Houbierg” mat 5km an/oder d’Boucle mam “Tunnel” mat 4km dorunner hänken. Op der Kaart allerdéngs gesäit dat no engem groussen Kujjelmujjel aus well och wann de Konzept mat den Schlaufen usech gutt ass an een je no Loscht kombinéieren kann, kann  dëst awer och fir Verwirrung suergen. An Realitéit sur Place dunn huet alles awer am grousse ganzen geklappt.

Am beschten parkt een zu Bieckerech an der Jos Seyler Strooss. En klengen Tipp vu mir: hannert dem Centre d’éducation differenciée steet eng Borne wou een säi Bidon fëllen kann an wou een och um Ënn vum Tour mat enger Braus de Vëlo schwenken kann.  Mir wousste dat leider net virum Tour an si vun enger mi ongënschteger Platz gestart.

Fir souvill wi méiglech ze gesinn an ze testen, si mir de grousse Circuit an di 2 Schlaufen gefuer, wat dann ongeféier 27km waren.

Eng grouss Partie war op asphaltéierten Weeër, am Bësch waren et dann haaptsächlech breet Weeër, mais och puer flott Singletrails. Et waren kéng technesch Schwieregkeeten ze vermierken, sou dass dësen Tour och fir Ufänger interessant ass.

De Balisage ass ok mee zumindest 1 Schëld hun mer iwwersinn, war verdeckt oder hat gefeelt. E puer Schëlter waren e bëssi mi schwéier ze gesinn well se vu Hecken/Planzen liit verdeckt goufen an och huet de Balisage net zu 100% mat der Streck déi een op den Navi lueden kann iwwerteneen gestëmmt: et gouf 4-5 Plazen mat kléngen Differenzen.

De Circuit huet puer Highlights parat, sou kënnt een zum Beispill laanscht eng flott Kapell (Kapell um Kuehlebierg) déi einfach matzen am Bësch steet. Fir e kuerzen Deel fiert een och duerch d’Belsch, et begéint een eng sëllechen Grenzsteng, et passéiert een d’Schlass vu Guirsch a fir di waarm Deeg kann een sech op eng Wasserduerchfahrt an op en Tunnel feeën wou et gutt kill ass.

Et ass eng schéin Géigend fir ze biken an dësen Circuit kann een als e kléngen Virgeschmaach gesinn fir bei Zäit a Loscht de Recht fun der Géigend ze entdecken. 

Entdeckt nach aner Evenementer an sportlesch Aktivitéiten fir Grouss a Kleng:

About the author

Christian De Carolis
Christian De Carolis

Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.