Séiss & Salzeg Zalote

Summerlech liicht

Bei dëse waarme Summerdeeg fannen ech mech ëmmer erëm a Momenter wou ech mech froe wat ech dann elo den Owend iesse soll oder wéi eng Zalot ech mathuele soll wann ech op ee Barbecue invitéiert sinn. Ech perséinlech testen ëmmer erëm gären nei Rezepter an sinn net de grousse Fan vun einfacher grénger Zalot. 

Haut stellen ech Iech zwee vu menge Liiblingsrezepter vir déi net nëmme super gutt schmaachen mee och a manner wéi 20 Minutten um Dësch stinn! Op enger Säit ass dat en séissen Zalot mat Waassermeloun a Molbier, deen duerch Feta awer eng salzeg Nout huet an op der anerer Säit, e vegane Lënsenzalot. D'Waassermeloun Zalot geet extrem séier well een déi verschidden Ingredients u sech just muss schneiden. D'Lensenzalot hëlt duerch d'Kache vun de Lënse liicht méi Zäit. 

Waassermeloun - Feta Zalot 

En ass wierklech sou einfach wéi en ausgesäit! An wat ech och ganz praktesch fannen, et kann een en ganz einfach a klenge wéi och a grousse Portioune preparéieren. Wat brauch een?

  • 1 Waassermeloun
  • Feta
  • 1/2 Zitroun
  • e Grapp Molbier 
  • Peffermënz 
  • Salz, Peffer an Olivenueleg

​​Waassermeloun, Feta a Peffermënz kleng schneiden. Alles an eng Schossel ginn a mat dem Jus vun der Zitroun, dem Olivenueleg, Salz a Peffer ofschmaachen. E puer Molbier dobäi - a schonn si mir prett fir unzeriichten! Herrlech liicht nieft Fleesch vum Grill, oder fir déi déi kee Fleesch eessen, mat e bësse Knuewelekbrout niewendrun. E Pluspunkt ass och dass Waassermeloun optesch ëmmer eppes hier gëtt. 

Veganen Lënsenzalot 

Dëst ass e bësse méi en deftegen Zalot deen een och ganz gutt an enger bësse méi grousser Portioun als Haaptplat kann eessen a sat gëtt. Et brauch een (fir 2-4 Portiounen, jee nodeem et als Haaptplat oder als Niewenplat geduecht ass): 

  • 150 Gramm Lënsen .- ech hunn mech vir gring Lënsen entscheet
  • 1 giel Paprika
  • 1 grouss Tomat
  • 1 Enn (eng rout Enn gëtt nach e bësse méi Faarw an och Goût - ma ech hat keng doheem)
  • E bëssen Péiterséileg
  • 150 gr Mais aus der Dous
  • 2 Eesläffel Pinienkären 
  • Olivenueleg, Balsamico Esseg, Salz & Peffer 

D'Lënse kache bis se mell sinn. Ofschëdden an e bëssen ofkille loossen. Wärend deem d'Lënse kachen huet ee gutt Zäit d'Geméis virzebereeden an ze schnibbelen. Hai fänkt een am Beschte mat der Paprika un well déi nach kuerz an de Schäffchen ënnert de Grill geet (bis d'Haut schwaarz ass, sou dass eese kann ofzéien). D'Enn, Tomat an de Péiterséileg schneiden a mam Mais an eng Schossel ginn. Wann d'Paprika ofgekillt ass schneiden an och an d'Schossel dobäi ginn. Wann d'Lënse prett sinn dann och dobäi ginn a mat Salz, Peffer, Balsamico an Ueleg ofschmaachen. Elo just nach d'Pinienkären an der Pan réisten (ouni Fett) - oppassen se bräune séier (meng ware schonn eng Grimmel ze laang an der Pan) an da wann d'Zalot ugeriicht ass, d'Kären doriwwer streeën. 

Dëst Rezept kann natierlech mat nach anerem Geméis gemaach ginn - gutt passt och nach zum Beispill Zellerie oder Courgette. Hai war d'Rezept vun där Versioun déi dir op de Fotoe gesitt. 

 

Elo bléift mir jo da just nach ze soe 'Gudden Appetit' - ech hoffen Eech schmaachen se sou gutt wéi mir! :)

 

About the author

Claude Marx

Former blogger at Imaginetheswallows.com and Masters graduate in Multilingual Communication, Claude turned her passion for Social Media into her full time job and is now working as freelance Social Media Manager and Content Creator, helping companies build their online presence. In her free time she loves to cook, discover new recipes and create her own. Also she loves to read, travel and watch series.