Schleck Gran Fondo 2018

Training mam Frank Schleck

Dëst Joer organiséiert de Fränk Schleck mat senger Equipe fir déi zweete Kéier, déi prestigiéis Amateur Cours mat sengem Numm: “Schleck Gran Fondo”. De 26. Mee ass Mueres de Start. Da geet et ob déi 156 Kilometer vum Gran Fondo oder dem Medio Fondo mat sengen ëmmer nach ronn 87 Kilometer.

 

Et wäert net nëmmen eng grouss Vëloscourse fir jidderee sinn. Et ass vill méi e Fest ronderëm de Vëlo. Zu Mondorf, wou den éischte Start um 9:30 Auer ass, ka jidderee am Duerf de Vëlo an all senge Facette erliewen. Am Duerf gëtt richteg vill gebueden. Mam “Duerf” ass hei net onbedéngt de schéinen Zentrum vu Mondorf gemengt, mä et handelt sech ëm et “Gran Fondo Village”. Hei gëtt de Vëlo geféiert. Et ass e Volleksfest, wou fir grouss a kleng eppes dobäi ass. Sou fënnt een zum Beispill villes ronderëm de Vëlo a fir de Bauch. An op déi Kleng waart en Sprangschlass. Et wäert schonn absolut der Wäert si just wéinst dem Village ze kommen, och wann dir selwer net bei der Course matfuert. Oder probéiert äert Geschéck ob der Pump Track.

 

Zesumme mam Fränk Schleck sinn ech, am Virfeld, en Deel vun der Stréck ofgefuer. Deen klengen Deel deen ech gesinn hunn, war schonns derwäert. Iwwer super Stroosse geet de Parcours duerch déi schéinsten Ecker vum Land. E puer Mol si mir stoe bliwwe fir d’Aussicht ze bewonneren. Ob eise bal 40 Kilometer si mir, bei guddem Wieder, laanscht d’Musel gestruewelt an hunn hei den  den Ufank vum Parcours gesinn.

 

Et geet eben zu Mondorf fort. De Start ass a Pool’en, dem Alter no, opgedeelt. Am Ausgang vu Mondorf ass dann de “richtegen”, fliegende Start. Dann geet et direkt a Richtung Schengen a weider tëschent de Wäibierger laanscht d’Musel. Bis Wuermer ass et eng flaach Etapp. Vun do geet et iwwer Dräibuer erop ob Uewerdonven, wou e Ravi waart. Kuerz nom Potaschbierg deelen sech d’Strecken an de Medio Fondo an de Gran Fondo.

 

 

Fir de Medio Fondo fiert een direkt op Bierg wou kuerz hannendrun sech déi zwou Course erëm treffen, fir zesummen a Richtung Ziel ze pedalléieren. D’Cycliste vum Grand Fondo fuere vum Potaschbierg duerch de wonnerschéine Mëllerdall. Sou kommen se duerch Bech, Konsdrëf, Beffort dann duerch d’Dall vun der Ernz a Fëschbech op Bierg. Eis klengt Land huet immens vill ze bidden an hei gesidd dir wéi gesoot wonnerschéin Ecker.

 

Déi lescht, eppes méi wéi 30 Kilometer, ginn nees zesumme gefuer. Kuerz viru Mondorf kennt awer  nach eng Kiischt op de Kuch (Zitat vum Fränk Schleck): Mat der Montée vum Scheierbierg. Ech hunn ob alle Fall gemengt déi géif ni ophalen (fir mech eng Mauer, fir de Fränk vläicht en Kopp).

 

Ob all Fall ass et derwäert fir beim Gran Fondo mat ze maachen. Sief et als Sportler oder als Sportbegeeschterten. Kommt dofir alleguer a féiert mat beim Grousse Fest ronderëm de Vëlo. Ech wäert mir deen Dag net entgoe loossen. Wéi? Ech weess et nach net... villäicht um Vëlo.

 

All ambitionéierte Sportler kann sech beim Schleck Grand Fondo fir d’Weltmeeschterschaft qualifizéieren. Avis aux amateurs...

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.