Saumon mat Ricotta a Sauerampel

am Brickdeeg mat enger Hierschtzalot

Di Kombinatioun vu Saumon mat Ricotta a Sauerampel am Brick Mantel ass ee Mix vu 4 verschidde Goûten déi mir esou gutt gefält dass ech se haut mat Iech deelen. D'Texture vun de 4 Haaptkomponente passen 1A zesummen. Fir awer och nach eng kleng Bäilag ze hunn, hunn ech mech passend zu der Joreszäit fir en Hierschtzalot decidéiert .. Gesond a Lecker! En ass voll mat Vitaminnen, Oligo Elementer a Mineralië fir sech op ee kale Wanter ze preparéieren! En ass een einfacht Rezept, wann et eng Kéier soll schnell goen an et awer soll schmaachen. 

Fir 2 Persounen brauch een: 

  • 2 Pavés de Saumon
  • 4 Brickdeegblieder
  • 60g Ricotta
  • 2 Iessläffele Crème fraîche       
  • 6-8 Blieder Sauerampel
  • Olivenueleg, Salz a Peffer, Koriander 

Zalot:

  • 1 Apel
  • Rutabaga (Steckrübe)
  • 1 Stéck Zellerie      
  • 1 Wuerzel
  • 2 kleng Chicon
  • 1 Kaffisläffel Moschtert
  • 1 Kaffisläffel Hunneg
  • Jus vun enger hallwer Zitroun
  • Olivenueleg
  • Salz a Peffer

Saumon mat Ricotta a Sauerampel

• De Schäffchen ob 180 °C virwiermen.

• Dem Saumon Sprenzen eraus huelen an de Sauerampel botzen.

• De Brickdeeg mam Olivenueleg liicht besträichen.

• Op enger Säit vum Bord vum Brickdeeg Sauerampelsblieder leeën, duerno de Pavé de Saumon dropleeën.

• An enger klenger Schossel de Ricotta a Crème fraîche an de Koriander matenaner vermëschen a wierze mat Salz a Peffer 

• De Pavé de Saumon mat dem Mix vu Ricotta a Crème fraîche besträichen an dann de Brickdeeg fale wéi eng Nems.

• An enger Pan e bëssen Olivenueleg waarm maachen an de Brickdeeg mat dem Saumon ob all Säit goldeg broden.

• Duerno de Brickdeeg mam Saumon fir 10 Minutten am Schäffche fäerdegkaachen.

Hierschtzalot

• Den Apel, Rutabaga, Wuerzel an den Zellerie schielen an duerno rappen.

• Chicon botzen an en kleng Stécker schneiden.

• De gerappten Apel, Rutabaga, Zellerie an de geschniddene Chicon an eng Schossel maachen.

• Moschtert, Hunneg, de Jus vun der Zitroun an den Olivenueleg matenaner vermëschen a mat Salz a Peffer wierze. De Mix iwwert Zalot schëdden an dréinen. 

Alles op 2 Telleren drappéieren a scho kënnt dir Iech un dech Dësch setzen. 

Gudden Appetit :) 

About the author

Sabina Fuzio
Sabina Fuzio

Mäin Numm ass Sabina an ob dee lauschteren ech schonns 40 Joer. Eng vu menge grousse Leidenschaften ass Kachen an ech loosse mech staark beaflosse vu menge Wuerzelen, déi aus Puglia a Süditalien stamen. Fir mech ass Kachen, wat fir aner Leit de Yoga ass. Ech kann dobäi entspanen a mengen Iddie fräie Laf loossen. 
En weideren Hobby vu mir ass den Theater, wou ech net nëmme matspillen, mee mech och am engem Comité aktiv engagéieren. Mech faszinéiert um Theater, dass ech mech an aner Personnagë versetze ka besonnesch am Cabaret an dobäi de Leit en Laachen a Gesiicht zaubere kann. 

Hei presentéieren ech Iech meng Rezepter an hoffen dir hutt vill Spaass beim Nokachen.