Roudrommelstatar

mat Avocado, Scampi an enger Quetschgromper

Wëllkomm zeréck a menger klenger Kichen. De Weekend ass pünktlech um Rendez-Vous an da bléid meng Loscht eppes Guddes an den Teller ze zaubere richteg op. De Weekend, endlech Zäit fir sech, seng Hobbyen, seng Famill a seng Frënn. De Moie sinn ech mat Zäiten opgestane fir op de Maart akafen ze fueren. Zanter Deeg kreese meng Gedanken em eng Iddi an hënt, wéi ech net schlofe konnt, wousst ech wéi ech se ëmsetze wéilt. Ech kann der elo scho verroden, dat den Teller schéin ausgesäit an et dech guer net vill Zäit kascht. 

Ech verroden der haut mäin Roudrommelstatar mat Avocado a Scampi zerwéiert mat  enger Quetschgromper mat Sauerram, Tomat a Bratzelen.

Fir 2 Persoune brauchs de:

  • 2 Gromperen
  • 2 gekachte rout Rommelen
  • 1 Avocado
  • 8 Scampi
  • 4 gewierfelt Cocktailtomaten
  • ½  gewierfelt Schallotten
  • 2 TL Sauerram
  • 1 Tl frësch Bratzelen (reng geschnidden)
  • 1 El frësche Péiterséileg
  • 1 Tl Kokosfett
  • 1 gepresste Knuewelekszéif
  • 2 Tl Olivenueleg
  • 1 Tl Hambieresseg
  • 2 Tl Zitrounejus
  • Salz & Peffer

​D’Grompere kache bis se mell sinn an da bis zum Zervéiere waarm halen.

An Tëschenzäit hunn ech déi rout Rommelen an engem Geméishäcksler reng geschnidden an an enger Schossel mam Hambieresseg, dem Ueleg, de Schallotten, an dem Salz a Peffer vermëscht an 10 Minutten zéie gelooss. Duerno d’Avocado wierfelen a mam Zitrounejus vermëschen. Den Zitrounejus verhënnert dat d’Fruucht brong gëtt. Dat geséich um Teller net esou schéin aus.

Wann di 10 Minutten em sinn, d’Rommelen an engem Sift ofdrëpse loosse fir dat d’Flëssegkeet net duerch de ganzen Teller leeft. Roueg eng Kéier mat engem Läffel drop drécken dat sou vill wéi méiglech ausgedréckt ass.

Scampien am Kokosfett mam Knuewelek ubroden. 
Wann D’Grompere fäerdeg gekacht si kann den Teller scho virbereed ginn.

Lee der en Alurank op den Teller. Fir dat de Saaft vun de Rommelen net erausleeft, hunn ech 2 Stécker Kichepabeier wéi eng grouss Schnouer gewéckelt an em de Rang geluecht fir d’Flëssegkeet opzesaugen. D’Halschent vun de Rommelen an de Rang schichten a mam Läffel undrécken. Dann d’Halschent vun der Avocado drop verdeelen. 4 Scampien uewen drop leeën a mat engem Tl Cocktailtomaten ophalen.  De Rang ganz virsiichteg ewechhuelen. Eng Gromper op engem separaten Teller zerquëtschen a virsiichteg op den Teller leeën. 1 Tl Sauerram driwwer maachen, 1 Tl Cocktailtomaten dropginn a mat frësche Bratzele bestreeën. Zur Deko hunn ech e klengt Muster mat Balsamicoreductioun gemoolt an den Teller mat bëssche frësche Péiterséileg bestreet.

Wéi s de vläicht scho weess, si meng Kanner meng strengste Kritiker an ech weess dat si weder rout Rommelen nach Avocado wierklech gär iessen. Dofir bidden ech dir direkt déi Alternativ mat un déi ech fir si gemaach hunn. D’Rommelen hunn ech duerch Zalotekornischong an d’Avocado duerch gekachte Muerten ersat. Allerdéngs muss de dann d’Kornischong nom Zéien, an engem Kichenduch richteg fest ausdrécke well des zimlech vill Flëssegkeet ofgëtt. Des Variant huet hinne ganz gutt geschmaacht an um Dësch goufen et zefridde Gesiichter an en décke Kuss fir d’Kächin.


 

About the author

Marie-Jo Duhr
Marie-Jo Duhr

Ech sinn d’Marie-Jo, bestuet, Mamm vun 2 Kanner an interesséiere mech fir alles ronderëm d’Gesondheet an d’Wuelbefannen am Alldag. De meeschte Spaass hunn ech u gesonder Kichen. Ech verbréngen immens vill Zäit domat mer nei Rezepter auszedenke fir meng Famill a meng Frënn mat gesonden an trotzdeem interessanten an ausgeglachene Moolzechten z‘iwwerraschen. Meng strengste Kritiker sinn eis zwee Teenies doheem. Wann ech si bis iwwerzeegt hunn, sinn ech op der gewonnener Säit.

Haaptberufflech sinn ech zoustänneg fir Aarbechtssécherheet a Gesondheet. An deem Sënn koum mer am Fréijoer d’Iddi op Facebook eng, zimlech einfach gestalte Säit anzeriichten, wou meng Aarbechtskollegen, awer och soss jiddereen dee Loscht huet, sech inspiréiere ka fir sech eng gesond Lunchbox virzebereeden. Et goung mer do drëm Rezepter virzestellen déi am Prinzip schnell an einfach preparéiert sinn. Keng Zäit ass deemno keng Entschëllegung méi fir sech mat Fastfood voll ze stoppen.

Ze fannen ass di Säit ënner dem Numm “Pimp däi Kuuschtesak – Relook ton casse-croûte”