Rhine on Skates

& Berlin Skate Marathon

Dëse Weekend ware Mir déi éischte Kéier um Rhine on Skates zu Rüdesheim, e Skate-Event, dat et schonn zanter 15 Joer gëtt. D’Iddie ass fir eng Streck vun 135 Kilometer ze fueren, déi a 4 Etappe à 30-35 km gedeelt ass. No der 1. an der 3. Etapp gëtt et eng Paus vun op mannst enger hallwer Stonn wou ee gratis Ravitaillement (Waasser, Muerten, Äppel a Banannen, géint e klenge Su och isotonescht Gedrénks) kritt. An der Halschent, also no der 2. Etapp ass eng Mëttespaus zu Koblenz wou et Nuddele mat rouder Zooss ginn a gratis Gedrénks (Waasser an Iso). Hei kritt e géint klengen Oppräis och e Stéck Kuch a Kaffi. No där leschter Etapp ass eng Party organiséiert, wou Musek leeft a fir Gedrénks an Iesse gesuergt ass. 

An all Etapp, ëmmer ongeféier an der Halschecht, gëtt eng kleng Sammelpaus gemaach, fir dass de Grupp erëm beieneen ass. Et ass en also ni méi ewéi ca. 15 km ouni Paus ënnerwee. Ween elo awer midd gëtt, a sech keng well fänke goen, kann sech un de Bor vun der Strooss stellen an op ee vun deenen zwee Busse waarden déi ganz zum Schluss matfueren. Hei kann en sech da bis déi nächst Paus erhuelen, an dono, wann e well, erëm weider maachen. Esou bléift e flexibel, a wann e ‘just’ 60 oder 100 Kilometer well fueren dann ass dat och kee Problem.

Op der ganzer Streck si 6 Policemottoen, eng Ambulanz, Eicht Hëllef Skater an Uerdner ënnerwee, fir direkt kënnen ze reagéiere, falls et awer zu engem Accident sollt kommen, a fir d’Strooss ze spären, fir dass e fräi Faart huet, a net muss op d’Autoen oppassen.

Fir Äis war de Rhine on Skates e super Event! Am Ufank vum Dag hat et gereent, a mir duechte schonn, dass dat ganzt géing an d’Waasser falen, mee dunn hat d’Wieder sech nach eemol gerappt kritt, a mir konnten den Dag esou richteg ausnotzen. Dat schéinst war fir mech de Schluss, wou ma als geschlosse Grupp zesummen erëm a Rüdesheim eragefuer sinn. Hei stoungen, ongelunn, Dozene vu Leit op den Terrassen, hire Balkoen, um Trottoir an op Parkingen an hu geklappt, geruff a sech gefreet. Esou als geschlosse Grupp an en Duerf eragefuer ze kommen, wou d’Leit een esou léif begréissen an ufeieren an engem gratuléieren, nodeems ee 60 oder 100 oder vläicht souguer déi komplett 135 Kilometer geskate ass, ass en onbezuelbar d’Gefill!

Ech hoffen, dass ech e puer vun Iech, déi am Ufank duechte “Oh mäi Gott 135 Kilometer géing ech nimools paken, dat ass just fir Profien” d’Angscht konnt huelen. De Rhine on Skates ass wierklech fir Spaass ze hunn! Et muss ee keng Zäit fueren, et muss een net déi 135 Kilometer fueren, et muss een einfach just dobäi gewiergt sinn, säi bescht ginn hunn, an ukomm sinn ouni sech wéigedoen ze hunn! An dann ass een um Enn vum Dag houfreg op sech!

Ween ech elo konnt virwëtzeg maachen, dee kann och gären um Site vu Rhine on Saktes, oder op hirer Facebook Säit laanscht kucke goen. D’Umeldunge fir d’nächst Joer fänken demnächst un!

Mee wéi seet een ëmmer esou schéin: virum Concert ass nom Concert. An dat gëllt och fir d’Skaten. Well et sti schonn erëm dat nächst Evenement um Kalenner.

De 15. September ass et fir déi 45ten Kéier esouwäit : de Berlin Skate Marathon, ee vun deene gréisste Skates Event vun der Welt, steet un. E fënnt all Joers Ënn August oder Ugangs September zesumme mam Laf-Marathon statt. Samschdes starten d’Skater, Sonndes d’Leefer. Wann ee weess, dass schonn eleng 61.131 Leit aus 137 verschidden Natiounen um Laf-Marathon deel huelen, kann een sech denken, datt Berlin wärend deem Weekend ganz am Zeeche vun dësem risegen Evenement steet, a mega voll ass.  

Eng Fro déi ech dozou ëmmer direkt gestallt kréien: Sinn dat dann och 42 km? Jo, och am skaten huet de Marathon eng Distanz iwwer 42km. En ambitionéierte Fuerer leet dës Streck ënnert 1:30:00 zeréck; de Rekord fir Berlin, deen 2015 vum Bart Swings opgestallt gouf, léit bei 00:56:49. Zanter 2013 dominéiert hien all Joers d’Kurs an huet och, bis elo, all Joers gewonnen. De Berlin Marathon ass domadder, am Géigesaz zum Rhine on Saktes en offiziellt Rennen a gehéiert och zum Global Inlineskate Cup.

Dat heescht awer net, dass een als Amateur net starte kann. Et gi verschidde Startbléck déi deene verschidden Niveauen ugepasst sinn. D’Profie starten also virëweg, da kommen déi lizenzéiert Sportler, déi ambitionéiert Skater, an hannenaus gëtt et dann ëmmer bësse méi lues. ganz um Schluss ass ëmmer eng Equipe déi Stëmmung mëscht: deene geet et also net em eng gutt Zäit mee just em de Spaass un der Saach.

E weidert Argument fir Hobbyfuerer, fir matze maachen ass de Guiding Service. Guiding Service heescht, et fiert een an enger Grupp mat, an déi een sech am Virfeld ageschriwwen huet. Des Gruppe ginn et mat bestëmmten Zielzäiten, vun 1:20:00-bis hin zu 2:00:00 a 5 bis 10 Minutte Schrëtt. De Virdeel dorun ass, dass een sech net permanent e Grupp muss sichen deen engem vum Tempo hier zouseet, mee et huet ee vu virera säi Grupp deen duerchgoend een Tempo hält. Wann een sech sollt iwwerschat hunn, an den Tempo net mathale kéint, dann ass dat kee Problem; et kann een sech zeréckfale loossen an dee nächste Grupp hëlt een da mat weider.

Duerch déi enorm flaach Stréck, an deen duerchgoend gudde Belag, hieft sech de Berlin Marathon vun anere Marathonen of. Och u Leit déi motivéiere feelt et eigentlech néirens laanscht d’Stréck. Iwwerall sti Bands a Visiteuren an et ass eng super Stëmmung. Scho wann een a sengem Startblock steet, an dann, wéi all Joer, d’Lidd Hells Bells vun ACDC gespillt gëtt sinn d’Emotioune vun de Participanten op engem Maximum ukomm an et waart ee just nach ongedëlleg, dass et endlech lass geet. Da fiert een duerch ganz Berlin an endegt mat der Zielafart ënnert dem Brandenburger Tor. Dat Gefill, wann een do erduerch fiert ass onbeschreiflech! Ech ka jidderengem wierklech nëmmen empfeele fir eng Kéier un deem Event deel ze huelen , et ass. fir den Inlineskate Beräich mat dat schéinst Event wat gebuede geet, an et ass fir eis wierklech net weit ewech wann ee bedenkt, dass fill Leit aus Kanada, Mexico, Australien asw, ureese fir do kenne matzefueren. Leider war de Maximum un lëtzebuergeschen Deelhueler bis elo genee zwee. Ech hoffen deen een oder anere mat dësem klenge Bericht ë bësse motivéiert ze hunn, an dass mer déi Participants Zuel mol e bësse gepusht kréien

Dir wësst net genau woubäi et sech beim Speed Skaten handelt? D'Joy erkläert Iech et a sengem leschten Artikel. Einfach hei klicken

About the author

Joy Mertz
Joy Mertz

Ech sinn d’Joy, hunn 21 Joer a studéieren zu Tréier op der Uni Germanistik an Anglistik. Nieft Bicher liesen a schreiwen, spillen ech Saxophon zu Bouneweg an der Fanfare, si Monitrice bei der Croix-Rouge a maache gäre Sport: haaptsächlech Muskulatioun an Inline-/Speedskaten.