Projet Minikäch

by Vatel Club Luxembourg

Zënter e puer Méint treffen sech e Grupp begeeschtert Jonker, zwëschen 12 a 15, mat de Profi’e fir en Abléck an de Beruff vum Kach ze kréien. Dëst ob Initiativ vum Vatel-Club.

 

Vatel-Club

De Vatel-Club ass e Club mat enger laanger Traditioun, de schonns am Joer 1931 als “Coopérative des cuisiniers professionnels“ gegrënnt gouf. Spéider, am Joer 1958, gouf dorausser d'Amitié gastronomique François Vatel”, d'Associatioun vun de professionelle Käch vum Grand-Duché. De Vatel-Club ënnerstëtzt jonk Käch an organiséiert divers Kach-Concoursen. En ass och den Organisateur vun der grousser Expogast déi all 4 Joer statt fënnt, a wou sech méi wéi 2000 Spëtzekäch aus aller Welt, am Kader vum Culinary World Cup, a verschiddenen Disziplinne vergläichen. Mat groussen Engagement ënnerstëtzen si dann och déi verschidde Lëtzebuerger Equippen a besonnesch eis Junior National Equipe.

 

 

Minikäch

Elo huet de Vatel-Club fir déi éischte Kéier en Kachcours fir Jonker zwëschen 10 a 15 Joer organiséiert. Si treffen sech iwwert e puer Méint verdeelt ob deene verschiddenste Plaze fir en Abléck an de Beruff vum Kach ze kréien. An natierlech kennt bei hinnen d’Kachen och net ze kuerz. Si ginn awer net nëmme gewuer wéi en eppes Guddes ob den Teller zaubert, mä si ginn och gewuer wou d’Liewensmëttel hier kommen.

Sou hunn si zum Beispill um Bio-Bauerenhaff erkläert kritt wat alles do produzéiert gëtt. An de Maarthale goufen si gewuer wéi vill Leit sech all Dag, enorm Méi ginn, datt frësch Liewensmëttel kenne kaaft ginn. Si hunn dann och mat eegene Hänn Boule Mozzarella dierfte knieden.

An der Halschent vum Cours hunn eis kleng Cheffe dann an der Staat um Maart hiert Kënnen dierfte beweisen a de Leit lecker Kniddelen an eng Kürbiszopp offréiert. Donieft hunn se awer och villes um Maart iwwert déi verschiddenst Kraider geléiert.

Hannert de Kulisse vun de Mini-Käch

Natierlech steet vill Aarbecht hannert dëser flotter Aktioun, déi zum Groussdeel vun der Madamm Diane Trombini-Steichen an ‘t Liewe geruff gouf. Si ass, aus ganzem Häerz, Kach, huet eng Doze Joer direkt am Beruff geschafft an ass elo mat grousser Begeeschterung Enseignante an der Schoul vun der 2. Chance. Si schafft och um Ministère mat um Programm fir d’Ausbildung.

Am Oktober, no laanger Organisatioun, konnt si déi éischt Minikäch, zesumme mat hire Kollegen, zu Dikrech an der Hotelschoul begréissen. Do hunn si dann zesumme geléiert verschidden Zosen an Nuddelsdeeg ze maachen. An direkt hunn si mat hirem néie Wëssen eng lecke Lasagne gezaubert.

Alleguer waren se iwwerrascht wat déi Jonk alles scho vu Fachwësse ronderëm Uebst, Geméis an déi aner Iesswuere matbruecht hunn.

Si huet eis och heemlech verroden datt si, motivéiert duerch de Succès, ob alle Fall wäerte mat dësem Projet weiderfueren. Mat de Virschléi an Ureegunge vun den aktuelle Minikäch, wëllen si déi Aktioun déi nächst Kéier weider verbesseren.

Vläicht mëscht e vun dëse jonke Käch dann iergendwann säin eegene Restaurant ob oder geet mat op de Culinary Worldcup.

Interview mam Manon, eent vun de Mini-Käch

D’Manon ass eent vun den éischte Minikäch, hatt verréit eis wat alles do geschitt.

 

Du kachs gären?

Jo, ech kache gären awer et ass net ëmmer einfach et richteg ze maachen. Duerno raumen, maachen ech net gär.

 

Wéi koums du drop bei de Minikäch matzemaachen?

Mäi Pap huet mir vun de Minikäch erzielt. Hien hat en Artikel an der Zeitung gelies. Dat huet mech direkt interesséiert. Ech hunn et direkt eng gutt Iddi fonnt a wollt do matmaachen. Ech wëll vläicht Kach ginn. Hei kann ech mir dat emol ukucken

 

Erziel eis e bëssche vun deem wat’s du bei de Minikäch geléiert an erlieft hues.

Also mir waren an’t Maarthalen, Do hu mir ganz vill gesinn, wéi z.B. Homard a vill méi. Da ware mir emol ob de Maart kachen. Mir waren och op de Bauerenhaff, dat war cool. A mir waren an eng Bäckerei, do hu mir och Brout gemaach.

 

Villmools Merci, Manon. Mir wëschen dier weider ganz vill Spaass an der Kichen. Wëlls du nach eppes zum Ofschloss soen? Vläicht eppes wat dir besonnesch gutt gefall huet bis elo bei de Minikäch.

Um Bauerenhaff war et genial. Mir hunn lauter Déiere gesinn. Den Hénger hu mir d’Eeër geklaut. An do ware souguer ganz jonk Fierkelen. Déi haten eréischt e puer Deeg. Déi waren esou “süss”.

... U sech war awer bis elo alles cool.

 

Photos by Vatel Club Luxembourg

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.