“Prinzessin Charlotte” vum Joseph Kayser

Säin éischt Wierk – Iwwert en Tabuthema

 
"Häls du mech vir blöd?" jäizt en de Fränz un.
"Nee, Papp, 't ass net, wéi's de mengs."
E gesäit, wéi säi Papp lues op en duer kënnt an an engems seng Bretellen ausdeet.
"Nee Papp! Net mat de Bretellen!", jéimert de Fränz.
 
(Auszuch aus dem Buch)
 

Ganz bewosst hunn ech mir erlaabt, genee dës Textpassagen ze zitéieren, vir d'Buch “Prinzessin Charlotte” vum Joseph Kayser virzestellen. Dëst Buch, wat vir d’Generatioun aus de 60er a 70er Joren, mä eigentlech vir all Generatioun, esou wichteg ass; wëll et mat engem Tabu brécht, wëll een net iwwert dat schwätzt, wat doheem hannert zouenen Diere geschitt. Et duerf een dach net. Et hält ee säi Mond...

 

Abee, de Jos Kayser huet mäin déiwe Respekt. Et ass sécherlech e Buch, wat net jiddereen usprécht, well net jiddereen sech mat esou engem Tabuthema wéi Gewalt an der Famill ausernee setze kann. Mä vir déi, deenen et geschitt ass, brécht et eng Lanz. Well dat, wat si ni hunn dierfen zielen, steet elo awer oppen do, an engem Buch, schwaarz op wäiss... Zwar net mat hirem Numm, mee stellvertriedend vir si. Hiert Leed deelen si mam Fränz aus der Geschicht a mam Tréis... A mat esou villen aneren!

 

De Jos huet mir awer och e puer Froen zu sengem Buch beäntwert :

 

D'Geschicht fänkt mam Fränz virum Bushaischen un. Virwaat steet den Fränz virum Bushaischen an déi aner Leit am Bushaischen?

Dësen éischten, ganz wichtege Saz, steet fir d'Exklusioun. Heimatter ginn et puer Perspektiven op an d’Geschicht kritt hier Struktur. Am Laf vum Buch kommen nach weider Sätz, déi den Ausschloss vum Fränz weisen (an der Schoul, bei de Kollegen, bei de Geschwëster).

 

Am Buch kënnt ee bestëmmte Saz ëmmer nees erëm. “Alles am Fränz sengem Liewen huet eng Ursaach.” Wat huet et mat deem Saz op sech?

An der Gesellschaft, awer an éischter Linn an der méi intim Zell vun der Famill, léiert een Eckwäerter, déi d'Liewe vun engem Eruwuessende beaflossen. D'Kand, de Jugendleche gëtt geformt a staark beaflosst vun dem, wat en erlieft a virgelieft kritt.

Wéi de Fränz säin Ëmfeld erlieft a wéi seng Reaktiounen dorop ze erkläre sinn, muss een op Ursaachen zréckféieren. Déi komme Stéck fir Stéck am Buch zur Sprooch.

 

Ginn et fir dech pregnant Ënnerscheeder tëscht der Kandheet vun onser Generatioun an de 70er Joren, an där vun de Kanner haut?

Déi Fro misst e Spezialist vun der Matière beäntwerten. Ech kann nëmme Réckschlëss aus deem zéien, wat ech selwer erlieft hunn a wat ech u meng Kanner weiderginn hunn. Zum Beispill hunn ech se ni gezwongen eppes z’iessen, wat se net gär haten. Et ginn do ganz bestëmmt Ënnerscheeder tëscht de 70er Joren an haut.

Mee wann bei physescher (sexueller ageschloss) oder psychescher Gewalt, déi vun Autoritéitspersoune verübt gëtt, ass den Drama dee nämmlechten. Et gëtt haut just vläicht méi Kanäl fir op sech opmierksam ze maachen. Mä da muss een et nach fäerdeg bréngen, déi Méiglechkeeten ze notzen.

 

Wat huet et mat “Finnland erop an da riets” a mat Murmansk op sech ?

“Finnland erop an da riets”, bzw. Murmansk, ass de Fränz seng Fantasie. Et ass de Plang vu senger Flucht, méiglechst wäit ewech. Méiglechst wäit ewech och dowéinst, fir sech et selwer materiell onméiglech ze maachen, nees zréckzekommen. D’Anonymitéit an domadder och déi eege Geschicht kënnen ze verstoppen, spillt natierlech och eng Roll.

De Fränz kennt jo kee Mënsch do a kann och kee Russesch.

 

 

Gewalt an der Famill ass nach ëmmer een Tabuthema haut: Wéi kann een erreechen dat Leit net ewechkucken?

Driwwer schwätzen! D'Buch soll och all deene Courage maachen, déi bis elo net driwwer geschwat hunn. Elteren, oder aner Autoritéitspersounen, déi Gewalt ausüben, sollen sech bewosst ginn, wat se domadder uriichten. Och si kënnen d'Gespréich sichen, sech erklären, sech entschëllegen. Wëll och si hunn iergendwann hiert Behuele bäibruecht kritt.

 

Wéi kéint een deenen, déi betraff sinn am Beschten hëllefen?

Nolauschteren! Hinne gleewe wann se hier Geschichte erzielen an deenen déi net selwer domat eens ginn at hinne geschitt ass, Weeër opweisen. Am Ënnerscheed zu der Zäit wou d’Geschicht spillt, gëtt et haut vill méi Méiglechkeeten sech Gehéier ze verschaffen. Mee fir d’éischt muss een sech eben iwwerwannen an och vu sengem Ëmfeld eescht geholl ginn.

 

Wat sinn déi Haaptmessagen déi's du mat dësem Buch vermëttele wëlls?

Wann iwwert eppes net geschwat gëtt, oder net genuch, oder falsch, dann erfanne Kanner déi Stécker vun der Wierklechkeet, déi hinne feelen, fir esou e komplett Bild vun hirer Realitéit ze kréien. Anescht ginn si net eens mat hirer Welt. Dofir ass et wichteg, dass iwwert esou Sujete geschwat a vill erkläert gëtt. Kanner versti méi, wéi mer mengen. Awer eben net alles. A wann se op een zréckkommen, a weider Erklärunge wëllen, da sollt een ni ze midd oder ze genervt sinn, fir mat hinnen ze schwätzen.

Erwuessener, an allgemeng Autoritéitspersounen, mussen sech zu all Moment bewosst sinn, wat se mat hirem Behuelen a mat deem wat sie soen, bei Kanner ausléisen.

An zu gudder Lescht natierlech, zwéngt är Kanner net, Brockelcher z’iessen, wann se déi net gär hunn ... (J.K. laacht). Ech hunn nach haut ganz hefteg Ekelgefiller bei verschidden Zorte Geméis. De Geroch geet heiansdo duer fir mech nees ganz wäit zréck a meng Kandheet an d’Ofwiirmechanismen zréck ze katapultéieren.

 

Dem Jos Kayser e grousse Merci vir den Interview an och de Courage, esou en sensibelt Thema unzeschwätzen.

 

Eckdaten zum Buch

Prinzessin Charlotte - Joseph Kayser - Edition Schortgen - ISBN : 978-99959-36-40-2 - Präis: 13,50 €

 

Gewënnspill

Ze gewannen gëtt et een Exemplaire vum Buch "Prinzessin Charlotte" vum Joseph Kayser am Martine sengem Lieseck. Bonne Chance!

 

Méi Luxemburgensia aus dem Martine sengem Lieseck:

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende