Mountainbike Trail “Préizerdaul”

Perfekt fir avancéiert Ufänger mat Basiskonditioun

Schonn direkt wou ech op de grousse Parking beim Centre Culturel “Op der Fabrik” eragefuer sinn, huet mech eng grouss Statue vun engem Vëlosfuerer begréisst, zimlech sécher sollt ech mech hei a gudden Hänn fillen.

 

Wierdertechnesch hunn d’Ausleefer vun engem sonnege Weekend nach fir en zimlech agreabelt Biker Klima gesuergt. Déi éischt Partie vun der Streck war zimlech dréchen, am leschten Drëttel sinn ech awer net laanscht de Bulli komm, mä dozou méi spéit. Ganz egal wéi d’Wieder och ass, mat sengen 817 Héichtemeter op 33 km kënnt ee jee no Drock op der Pedall méi oder manner an d’Schweessen.

 

 

Vum techneschen Aspekt stellt dës Streck allerdéngs kéng Erausfuerderung duer. Iwwer breet Weeër, gären och Autobunn genannt, geet et iwwer Schoter oder duerch de Bësch. Wien hei Singletrails erwaart, gëtt enttäuscht.

 

Vum landschaftlechen Aspekt hier huet dësen Tour awer vill ze bidden. Et gëtt een direkt e puer mol mat flotte Panorame verwinnt; allerdéngs muss een sech déi Ausbléck mol verdéngen. Esou ass een di éischt zwee Drëttel oft amgaange kräfteg an d’Pedall ze drécken. Wat dësen Trail nach ausmëscht ass, dass en deels am Guttland, deels duerch d’Éislek verleeft. Op e puer Platze begéint ee Wänn aus Schifer an et ass dann och eng flott a schëtzeg Descente iwwer Schiferbuedem derbäi.

 

 

D’Streck ass zum gréissten Deel gutt baliséiert. Et gouf wéi gewinnt mat Schëlter a mat Faarf un de Beem geschafft. An den Dierfer hunn se virun allem Stickere benotzt, woubäi ech deen een oder aneren eréischt beim zweete Bléck gesinn hunn. Et kann een sech awer natierlech och den Trail op de GPS/Handy lueden (z.b. iwwer Geoportail a visitluxembourg). Dat meescht d’Saach da méi einfach! Wat ech flott fonnt hunn ass, dass een zu Wahl d’Wiel (ob dat wuel sou express war...) huet fir eng Ofkierzung ze huelen. Esou kann een de Parcours ëm d'Halschend méi kuerz maachen, sollt een sech net fit genuch spiere fir d’Éisleker Koppen z’attackéieren.

 

 

An de Bëscher mussen deck Maschinnen am Asaz gewiescht sinn, wëll déi breet Bëschweeër géint der Halschent vum Tour guer net méi sou einfach ze fuere waren. Déif Rillen a vill Bulli hunn e Virukomme méi schwéier gemaach.

 

Ganz positiv fannen ech d’Informatiounsbriet um Start, wou een e puer nëtzlech Informatiounen iwwert den Trail fanne kann. Och online kann ee weider Donnéeën, wéi och e Flyer a verschidde Sprooche fannen. Et kann ee soen dass een hei mam gudde Beispill virgeet.

 

 

Fazit: Wien sech technesch net sou staark fillt, oder op Singletrails verzichte kann an awer e flotten Tour wëll hunn, mat flotten Aussiichten a knackege Montéeën, de sollt sech mol dësen Trail ënnert d’Stollen huelen. Mat genuch Zäit a Motivatioun ass dësen Trail ideal fir avancéiert Ufänger mat enger gudder Basiskonditioun.

 

D'Fotoen vum Trail fannt dir hei...

 

 

Méi ronderëm d'Thema Sport:

  • Entdeckt dee neie RedRock MBT Trail. De Christian huet e fir iech getest. By Christian De Carolis (Op Lëtzebuergesch)
  • Trainéiere wéi e Profi: D'Lis stellt iech seng Hardcore Fitnessübungen ouni Geräter fir. By Lis Fautsch (Op Däitsch)
  • Wéi een 10.000 Schrëtt den Dag mëscht, dat wees de Nico. By Nico Brettner (Op Däitsch)

About the author

Christian De Carolis
Christian De Carolis

Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.