Mol mat eis zwee!

E Molbuch vum Bicherhaischen

Elo ass déi grouss Vakanz nees do, an d´Kanner kënnen endlech nees bëssi raschten, raus d'Natur entdecke goen, spillen ...an natierlech molen. 

Abee do huet Bicherhaischen elo grad zum richtege Moment en interessant Buch erausginn well no deem flotte Projet "Sang mat eis zwee" dee virun engem gudden annerhallwe Joer eraus komm ass, huet d'Bicherhaischen Editioun elo e Molbuch mat Stickeren erausbruecht, mat deem flotten Numm "Mol mat eis zwee!". Eng flott Vakanzeniddie vir déi Kleng!

Heibäi kennen d`Kanner ënner anerem d'Joreszäiten an déi kleng Biller dozou dann och faarweg molen. Dës Thematik spigelt sech dann och am Buch erëm, sief et mat engem flotte Bild vu Kanner, wou si mam Lampion 
ënnerwee sinn, oder wou sian d´Schoul ginn, Vigelcher fidderen, am Gaart hëllefen oder Backen. An natierlech duerf de Kleeschen an den Houseker net feelen. 

Vir déi ënnert iech déi déi flott Kannerlibrairie zu Niederanven nach net kennen hei e puer Hannergrondinfoen.

Laurence, wat mat vill Freed Bicherhaische leed huet eis verrode wei hatt zu dëser flotter Iddi komm ass :

Ech hunn d'Bicherhaischen 2006 opgemaach, well et op dëser Säit vun der Stad keng Librairie just fir Kannerbicher ginn ass. Ech war selwer als Kand (an och nach als Erwuessenen) eng Liesrat an ech hunn geduecht et wier eng flott Iddi fir e spezialiséierte Bicherbuttek just fir d'Kanner opzemaachen. Vun Ufank un ass d'Bicherhaische gutt opgeholl ginn: vun de klengen a grousse Clienten a vun de Schoulen a Maison Relaisen. 2010 ass den Deel "Spillgezei" bäikomm: Ech wollt héichwäerteg Spillsaachen ubidde gréisstendeels aus Holz an déi een net iwwerall kritt. Fir den 10. Gebuertsdag vum Bicherhaischen hat ech mer dunn erëm eppes Neies afale gelooss: ech hunn ënnert dem Numm "Editioun Bicherhaischen" mäin éischt Buch erausbruecht: "Sang mat eis zwee! Kannerlidderbuch mat CD"! Dëse Projet huet mer sou gutt gefall, dass bäi deen am Ufank geduechten Eenzeltitel, schonn e puer Bicher an Hörbicher dobäikomm sinn. An e neit Buch ass schonn an der Maach... Et kënnt wahrscheinlech am Hierscht 2019 eraus.

Ma mir si gespaant mat wei enger Iddi d'Bicherhaischen ons dann iwwerrasche wäert. Ech soen dem Laurence Merci vir des flott Infoen.


 

Wann dier elo virwëtzeg sidd a kleng Butzen an ärem Ëmfeld huet déi gäre molen, da kuckt emol op menger Facebook Säit eran, well ech verspillen 3 Exemplairë mat jee engem klenge Faarwe Set. De Concours leeft bis den 28ten Juli. 


Ech wënschen Iech all eng schéi Vakanz a bis ganz geschwënn nees, well meng Leseecke mëscht keng Summerpaus an hält iech och an der Vakanz au courant.


 

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende