Mixed Media Bichelchen

/ Junk Journal

A mengem éischten Artikel géif ech Iech gär mat op d'Rees huelen an zwar an d'Welt vun enger Pabeiersammlerin déi ee Bichelche fir an d'Vakanz gemaach huet. Vläicht hutt dir jo Loscht och esou eppes ze maachen. Dofir gëtt et elo hei ee klengen Tutorial inklusiv enger klenger Virdrun - Dono Fotodoku.

Watt ass dann iwerhapt ee Junk Journal/ee Mixed Media Bichelchen?

En Junk Journal ass un sech ee Bichelche wat een aus gebrauchte Saachen hierstellt. Zum Beispill aus erofgerappte Kalennerblieder, Reklammen oder Katalogen... aus Saachen déi een heiansdo eventuell ze schued fënnt fir ewechzegeheien. Der Fantasie si keng Grenze gesat a vun der Kleederetikett bis zum Téibeidel ass alles vertrueden.

Wat ass Mixed Media?

Mixed Media ass vun der Definitioun hier: d'Vermësche vun alle méiglechen Techniken, an et ass genau dëst wat mech dorunner esou faszinéiert. Ech kann alles maachen a kombinéieren, wei et mir an de Kapp kënnt, an dat ganzt Material wat ech iwwer di Joerzéngten ugesammelt hunn, kënnt am Mixed Media zur Verwendung.

Wat mécht ee mat sou engem Bichelchen?

A mengem Beispill hei ass et ee Reesbichelchen, fir Sammelsurium anzepechen, sech am Virfeld mam Reeszil auserneen ze setzen, Vakanzefotoen anzepechen (déi ech soss doheem op der SD-Kaart vergammele loossen), etc. Et hëlt een sech jo heiansdo fir ee Fotobuch ze maache mee am Endeffekt mëscht een et dann awer ni. Et ass also a mengem Fall eng Aart Reestagebuch. 

Sou elo awer zum Bastelen vum Bichelchen, dat een sech, wéi ech sot, sou kann zesummeflécke wei ee well. Ganz oft ass meng Motivatioun, dass ech eppes kreéiere wat et esou néirens ze kafe gëtt, an ech et genau sou bastele ka wéi ech mer et virstellen. Vläicht geet et Iech ähnlech? 

1. Motiver a Pabeieren aus z.B. Zäitschrëften zesummesichen, faarwege Pabeier oder wat och ëmmer engem virschwieft fir säi Projet.

2. E Format festleeën an en Deckblaat oder Deckele sichen, wou dat ganzt soll dra gebonnen oder getackert ginn.

3. Zouschneiden an a mengem Fall nach Poschette bitzen, ech fannen dat éischtens méi schéin an zweetens méi einfach wei pechen.

4. Alles an eng Reiefolleg bréngen déi engem gefält. Bannen oder Tackeren oder wat ee soss sou well maachen. 

5. Sech zeréck leen a stolz sinn. (Oder wei a mengem Fall: mierken datt eppes net richteg ass - den Deckel war op der Kopp - an erëm zréck zu engem Schrëtt virdrun)

Hei nach e puer Fotoe wei mäi Bichelchen no der Vakanz ausgesäit. Et huet de Moment souguer nach eidel Säite well mäin klenge Printer am Streik ass. 

Sou, ech hoffen ech hunn Iech mat mengem Artikel Iddi ginn ze hunn wat een alles kann aus e bëssi Pabeier, enger Nol an e bëssi Fuedem ka maachen. :) 

 

About the author

Nadia Offermann
Nadia Offermann

Säit Joerzéngte méi oder manner kreativ ënnerwee: vun Heekelen, Strecken, Patchwork, Sangen, Fotograféieren, selwer Natur-Seef a Kosmetik maachen an se dann am eegene Buttek verkafen, organiséiere vu Kreativowender bis hin zu der Installatioun vun engem Bicherschaf mat Hëllef vu sengen Noperen. D'Nadia spillt dobäi ganz vill mat Pabeier a Faarwen anprobéiert ëmmer nei Iddien aus. Kontakt kann ee mat him ophuele bei  “DE KAPP VOLLER IDDIEN”.