Koll an Aktioun – Interview

E Festival fir déi ganz Famill – E Bléck an d’Organisatioun

Nächste Weekend fënnt déi elo schonns 4. Editioun vum “Koll an Aktioun” statt. Am Virfeld wollte mir méi dozou wësse wéi de Festival entstanenen ass a firwat en sech vun anere Festivallen am Land ënnerscheet.

 

En Interview mam Nick Friedl vum Organisatiounscomité.

 

De Koll an Aktioun ass op enger zimlech ongewéinlecher Plaz, zu Uewermaarteleng um Site wou fréier de Schifer ofgebaut ginn ass, an dee haut zum Schifermusée gehéiert. Wéi sidd dir op d’Iddi komm vir genau hei en Festival ze organiséieren?

 

D’Iddi fir op dësem Industriesite eppes ze maache gouf et schonns méi laang. Et ass an deem Sënn en flotte Site, well vill vun den alen Industriegebaier erhale sinn, een nach gesäit wou de Schifer ofgebaut ginn ass. Et ass einfach eng Atmosphäre déi een net iwwerall fënnt an et huet Sënn gemaach fir de Site duerch en kulturelle Programm méi bekannt ze maachen an erëm ze beliewen.

 

 

De “Koll an Aktioun” steet fir en Festival fir déi ganz Famill. Wéi gitt dir un de Challenge erun fir Jonk an Aal gläichermoosse fir de Festival ze begeeschteren?

 

Eise Programm ass immens divers, et gi Concerten, Spektakelen, en lokale Maart an och Workshoppen a Visitten, déi vum Schifermusée speziell während dem Festival fir d’Visiteuren ugebuede ginn. Natierlech ass och fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Et soll esou sinn, dass jiddereen sech erëm fënnt an eppes erliewe ka wat sengen Interessen entsprécht. De Site eleng ass schonns interessant an duerch d’Variatioun an eisem Programm ass sécherlech fir jiddereen eppes dobäi.

 

De Festival steet dann och ënnert dem Motto vun der Nohaltegkeet, esou ënnerstëtze mir mat eisem lokale Maart, Lëtzebuerger Handwierk a Kënschtler déi hier Produiten um Festival presentéiere kënnen. Och bei de Concerten ass et eis wichteg grad jonk, Lëtzebuerger Kënschtler ze ënnerstëtzen an hinnen eng Plattform ze bidde wou si sech an engem professionelle Kader presentéiere kënnen.

 

Beim Iessen a Gedrénks zitt dat Motto sech weider a mir kucke mat de verschiddene Stänn, dass mir Fairtrade, bio, respektive Produiten aus der Regioun kënnen ubidden.

 

 

Dat klengt no zimlech vill Aarbecht och fir all d’Kënschtler a Bands ze fannen an op de Festival ze bréngen. Wéi vill Leit sinn dann an der Organisatioun vum “Koll an Aktioun” involvéiert?

 

Mir hunn fir d’Organisatioun vum Festival eng Asbl gegrënnt, “Kolibri”, a schaffe fir d’Organisatioun an d’Programmatioun vun de Workshoppen enk mam Schifermusée (Musée de l’Ardoise) zesummen. Vun der Asbl hier si mir zu ronn 20 Leit, plus d’Mataarbechter vum Musée. De Weekend selwer si mir awer op d’Hëllef vu Benevollen ugewisen an do hunn mir ronn 200 Leit déi eis ënnerstëtzen, bei de Stänn, dem Programm an de Concerten.

 

Dat si jo eng ganz Rëtsch Leit déi an der Organisatioun mat dra sinn. Wéi laang dauert et da fir en Festival wéi de “Koll an Aktioun” ze organiséieren a wéi koordinéiert dir iech?

 

Et kann ee bal soen, dass nom Festival virum Festival ass. Nom Event maache mir zwar e puer Woche Paus fir eis ze erblosen, ma am Summer geet et dann awer schonns erëm lass mat de Preparatioune fir déi nächst Editioun. Virun allem de Booking vun de Bands muss ee schonns fréi ufänken a suivéieren, soss riskéiert een dass scho vill Bands gebucht sinn.

 

Innerhalb vum Team huet och jiddereen seng Funktioun an seng Tâchen, esou dass mir eis déi verschidde Volete vun der Organisatioun opdeelen. Mir treffen eis dann ongeféier eng Kéier am Mount fir ze beschwätze wou mir grad drun sinn. Donieft treffe mir eis och reegelméisseg mat de Mataarbechter vum Schifermusée fir eis mat hinnen ze koordinéieren an ze kucke wat méiglech ass. Fir si ass et och wichteg d’Geschicht vum Site um Festival ze presentéieren an d’Visiteure fir de Patrimoine ze sensibiliséieren. Ee Volet vum Festival deen eis och immens wichteg ass, esou dass mir enk mat hinnen zesummeschaffen.

 

D’Organisatioun vun engem Festival vun der Gréisst geet och just als Equippeneffort an an enker Zesummenaarbecht mat allen Bedeelegten.

 

 

Wéi grouss ass de Festival dann, wann een elo op d’Zuel vun de Visiteure kuckt?

 

Mir hunn pro Dag ronn 1000 Visiteuren, Samschdes e bësse manner a Sonndes e bësse méi. Dëst Joer wëlle mir op jidden Fall iwwer 2000 Visiteuren iwwer déi zwee Deeg erreechen.

 

 

Wourop sidd dir dann an dëser Editioun vum Koll an Aktioun besonnesch houfreg?

 

Mir sinn och dëst Joer virun allem op eise musikalesche Programm stolz. Et ass wéi gewinnt vill Variatioun an de Museksstiler, esou, dass all Visiteur op seng Käschte kënnt.

 

Flott ass, dass d’Band FùGù Mango aus der Belsch zougesot huet. Si bréngen deemnächst hiren neien Album eraus, a si souwuel ze Lëtzebuerg, wéi an der Belsch relative bekannt. Dann hunn mir och nach d’Band Birth of Joy am Programm, déi live immense gutt sinn, Festival-Erfarung hunn an d’Visiteure bestëmmt mat hirem Rock Sound iwwerzeege kënnen.

 

Wéi schwéier ass et da fir iech fir Bands op de Festival ze kréien? An wéi kommt dir un Bands?

 

Generell ass et esou, dass et mat de Joren ëmmer méi einfach gëtt Bands op de Festival ze kréien, wëll den Event selwer och méi bekannt gëtt an der Szene. Mir iwwerzeegen d’Bands awer och duerch den ongewéinleche Site mat Industrie Patrimoine. Domat kënne mir grad bei international bekannte Bands punkten.

 

Fir d’Programmatioun an de Booking hunn mir en Team vun 3-4 Leit. Deels kucken si am Internet wat et esou gëtt, ma mir hunn och vill Inspiratioun vun anere Festivals.

 

Wat de Choix vun de Bands ubelaangt, loosse mir eis vun der Approche leeden, dass de Museksstil soll fir jiddereen accessibel sinn.

 

 

Dat klengt wierklech super interessant, merci fir den Abléck hannert d’Kulissen. Eng lescht Fro: Wann dir de Festival an 3 Wierder misst beschreiwen. Wéi eng wieren dat?

 

  • Idyllesch
  • Ofwiesslungsräich
  • Lecker

 

Wann dat elo net villverspriechend klengt… En grousse Merci un den Nick fir d’Explikatiounen!

 

Informatiounen zum Festival:

Koll an Aktioun” - De Festival fir déi ganz Famill - 3. & 4. Juni - 10€ Entrée fir den Ganzen Weekend - Praktesch Informatiounen hei

 

Impressioune vum leschte Koll an Aktioun:

 

 

 

 

Méi zum "Koll an Aktioun" fannt dir och hei:

  • Impressiounen zum Koll an Aktioun an e klengen Ausbléck. By Claude Marx (Op Englesch)
  • Fotoen vum Koll an Aktioun 2016. By Sana @ MyOchrasy

About the author

Tanja@Rosport

Als Freelancer in Kommunikation und Marketing, bin ich bei Rosport zuständig für die Koordination von Rosportlife. Beschreiben könnte man mich als lustig, unkompliziert, gelassen und vielseitig interessiert, auch wenn Kochen und Reisen sicherlich meine geheimen Favorits sind. Auf Rosportlife werdet ihr von mir Artikel zu diversen Themen lesen können und den ein oder anderen Blick hinter die Kulissen bekommen.