HemoRide 2017

Mountainbikë fir d’ganz Famill

© Photos by: biker.lu – Fränz Schneider – Pit Scholtes – Milian Steffen
 

Och dëst Joer organiséiert de Mountainbikeclub vu Stroossen, de Biker.lu seng traditionell Randonnée, den HemoRide an dat de Sonden, 24. September.

 

Den HemoRide couvréiert eng ganz Partie vu flotte Plaze wou ee Mountainbikë kann, wéi z.B. de Bambësch an d’Bëscher ëm Koplescht, den Hunnebur, d’Mamer Layen an nach aner flott Plazen. Déi proposéiert Parcourse versprieche Singletrail, e puer Montéeën a vill Flow.

 

Dëst Joer gi 6 verschidde Strecke gebueden, sou dass fir jiddereen eppes Passendes derbäi sollt sinn. Esou gëtt et een entschäerfte Family Ride vu 16 km, a je no Konditioun a Loscht kann ee fir 27, 36, 48, 56 oder souguer fir 73 km op den Depart goen.

 

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och dës Kéier gesuergt, dat virum, während an och nom Tour. Virum Depart ginn et Kaffi a Croissante fir sech ze stäerken, um Ravitaillement op der Streck kann een säin Duuscht mat Rosport Pom’s läschen an erëm Energie tanken an nom Tour waart op der Arrivée e gudde Chilli, deen ee mat Kollege ka genéissen. Fir Musek an Ënnerhalung suergt de ganze Mëtten den DJ Claude.

 

Loscht krut fir mat un den Depart ze goen!?

Aschreiwung an Depart ass zu Stroossen, de 24. September an der “Hall Omnisports” vu 07:00 bis 11:00 Auer fir d’16,27 a 36 km, respektiv bis 10:00 Auer fir déi 48, 56 a 73 km. Kanner dierfe fir näischt matfueren.

 

Weider Infoe fannt dir hei an op Hemoride.lu

 

Entdeckt nach aner Evenementer an sportlesch Aktivitéiten fir Grouss a Kleng:

  • Virwat den Mëllerdall net mol mam Velo entdecken!? Den Nico weess méi dozou! By Nico Brettner (Op Däitsch)
  • Och am September ginn et eng ganz Réi Evenementer zu Lëtzebuerg déi een net verpassen sollt. (Op Englesch)
  • Fir den Oliver Gorges am Triathlon ass et dëst Joer eng spéit Saison ginn. By Oliver Gorges (Op Däitsch)

About the author

Christian De Carolis
Christian De Carolis

Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.