Halloween oder Trauliicht?

-

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erkläeren ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Halloween ass fréier nëmmen op de briteschen Insele gefeiert ginn, virun allem an Irland. Well vill Iren am 19. Jorhonnert an Amerika ausgewandert sinn, a si hiert Fest do weidergefeiert hunn, ass et zu engem wichtege Volleksfest an Amerika an a Kanada ginn.

De Brauch fir Kürbissen (oder Kalbassen) fir Halloween ze benotzen, kënnt aus Irland.

Amerikanesch Halloweenbräich verbreede sech am Laf vun den 1990er Joren an Europa. Dee bekanntste Brauch an Nordamerika ass et, datt d‘Kanner vun Haus zu Haus ginn a mat „Séisses, soss gëtt et Saueres“ (kuerz och: „Séisses oder Saueres“) d’Leit opfuerderen, hinne Séissegkeeten ze ginn, well se hinne soss eng stëbsen.

An d’Trauliicht?

Als Trauliicht ginn an eiser Regioun geschnëtzt Lanteren aus Rommele bezeechent. 

D‘Trauliichten oder Trauliichtbrennen ass e Brauch, dee bis Ufank vum 20. Jorhonnert an den Dierfer am Éislek staark verbreet war. Hei ass amplaz vun enger Kalbass eng Rommel ausgehielegt a geschnëtzt ginn. Banne kann een dann eng Käerz drastellen.

De Brauch ass ronderëm Allerhellegen a soll déi béis Geeschter, déi d’Déiere vun der Weed am Summer mat an de Stall bruecht hunn, ze verdreiwen. D‘Trauliicht gëtt an d‘Gaassen, op d‘Dierschwellen oder op Fënsterbänke gestallt.

Foto via RTL 

Op e puer Plazen, wéi zu Munzen, ginn déi geschnëtzt Trauliichter de Weekend an der Nuecht an engem Fakelzuch duerch d’Duerf gedroen a sollen déi béis Hierscht- a Wantergeeschter verdreiwen. D‘Trauliicht gëtt op en hëlzene Bengel gestach a matgeholl wann d’Kéi an de Stall gedriwwe ginn. Wann d‘Kéi tëscht den Trauliichter duerch d‘Stalldier ginn, bleiwe se dem Brauch no fräi vu Krankheeten, an d’Geeschter, déi wärend dem Summer am Stall waren, gi verdriwwen.

Ganz ausgestuerwe war de Brauch am Éislek ni. Vun de 1970er Joren u goufen ëmmer manner Rommelen an der Regioun ugebaut. Zënter e puer Joren awer loosse vill Gemengen de Brauch erëm opliewen. D‘Trauliichtbrennen, dat bal vergiess war, gëtt erëm ëmmer méi a lëtzebuergeschen Dierfer gefeiert. Besonnesch beléift sinn d‘Trauliichtwochen zu Munzen, déi an der Robbesscheier stattfannen.

Foto via RTL 

Vocabulary:

ausgewandert   = Verb: auswanderen = to emigrate

Volléksfest (m.) = folk festival

Brauch (m.)       = custom, tradition

Kürbis (m.)        = pumpkin

Kalbass (f.)        = pumpkin, calabash               

Bräich (pl.)        = pl. of “Brauch” custom, tradition

Séisses oder Saueres      = trick or treat              

opfuerderen      = to request, to prompt

eng stëbsen      = to play a (dirty) trick  

geschnëtzt        = (Verb: schnëtzen) = to grave, to carve

Lanter (f.)                     = lantern          

Rommel (f.)       = fodder beet               

amplaz vun                   = instead of                  

ausgehielegt     = (Verb: aushielegen) = to hollow sth. out

Allerhellegen                 = All Saint’s Day

béis      = evil

Geeschter (pl.)              = ghosts, spirits            

Weed (f.) = grazing land

Stall (m.)                       = stable                       

Gaassen (pl.)     =          alley, lane

Dierschwellen (pl.)         = door sill                     

Fënsterbänken (pl.) = window bench

Munzen            = Munshausen (village in Luxembourg)  

Fakelzuch (m.)   = torchlight procession 

hëlzen (adj.)      =          wooden

Bengel (m.)       = stick

Stalldier (f.)       = door of the stable      

verdriwwen = (Verb: verdreiwen) = to expulse, to evict

ausgestuerwen = (Verb: ausstierwen) = to die out

ugebaut = (Verb: ubauen) = cultivate                 

opliewen           = to revive                                

beléift   = popular, liked

           

About the author

Tania Hoffmann
Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.