Gedicht: Wéi de roude Steen

By De Poet

Vu baussen haart vu banne mëll

Ob denge Steng gouf opgebaut

Däi ganze Stolz dee keen där hëlt

Eng ganz Regioun huet där vertraut

 

Däi Stol hunn se där geholl

Du hues ee ganzt Land ernäert

Vun iwwerall hier sinn se bei dech komm

An däi Räichtum war all Beméie wäert

 

Een Häerz aus Eisen ass wat an eis pocht

Wat mir sinn hues du aus ons gemaach

Déi bedeitend Zäiten hëlt keen där fort

Mär hunn roude Buedem an eisem Gaart

 

Haut begéinen ech där op mengem Wee

Ech bewonnere wéi s du nach ëmmer bass

Däi roude Fuedem dee mech begleet

A mech erënnert wou meng Heemecht ass

 

Wéi de roude Steen esou wëll ech sinn

Am Réckbléck op meng Vergaangenheet

Wann ee gelieft huet fir ze deelen an ze ginn

Ee Stéck Lëtzebuerg wéi een dozou seet

 

About the author

Roger Peiffer
Roger Peiffer

Geschriwwen hunn ech eigentlech nach ëmmer. Säit 2012 allerdéngs vill méi intensiv. 2014 sinn ech op de Wee gaangen e puer vu menge Wierker op menger Facebook-Säit „De Poet“ ze verëffentlechen. No dem groussen Zousproch vun der Säit hunn ech 2015 mäin éischt Buch “Das Unikat und 100 gefühlte Gedichte” an Eegeninitiativ beim BoD Verlag an enger Oplag vu 500 Bicher drécke gelooss. Schonns no kuerzem war d’Buch ausverkaaft, ass awer nach online, notamment als E-Book ze kréien. 3 nei Bicher si schonns fäerdeg a wäerten deemnächst verëffentlecht ginn.