Gedicht: Wann de Wanter kënnt

Et déit sech scho laang un

D‘Blieder si vun de Beem gefall

Gro Wolleken sinn opgezunn


D‘Véi steet bal all am Stall

De Kamäin gëtt a Brand gestach

Kuscheleg Décken ginn ausgepaakt

Doftkäerzen där hu mer nach

Gekacht gëtt wat wiermt a schmaacht

Zesummeréckelen ass elo ugesot

Fir dass mir eis net erkalen

Ee Kuss ass schon eng Heldendot

An all Gedanken ass ee waarmen

An déng Äerm déi mech halen

Wou een esou vill Gefill gewënnt

Loossen ech mech gemittlech falen

Net nëmmen wann de Wanter kënnt

 

De Poet 

Picture via unsplashed

About the author

Roger Peiffer
Roger Peiffer

Geschriwwen hunn ech eigentlech nach ëmmer. Säit 2012 allerdéngs vill méi intensiv. 2014 sinn ech op de Wee gaangen e puer vu menge Wierker op menger Facebook-Säit „De Poet“ ze verëffentlechen. No dem groussen Zousproch vun der Säit hunn ech 2015 mäin éischt Buch “Das Unikat und 100 gefühlte Gedichte” an Eegeninitiativ beim BoD Verlag an enger Oplag vu 500 Bicher drécke gelooss. Schonns no kuerzem war d’Buch ausverkaaft, ass awer nach online, notamment als E-Book ze kréien. 3 nei Bicher si schonns fäerdeg a wäerten deemnächst verëffentlecht ginn.