Gedicht: Mir zwee am Schnéi

By de Poet

E klengen Trëppeltour

Zäit fir eis kennen ze léieren

Just mir zwee an der Natur

Mat Hänn déi sech nach net beréieren

 

Onschëlleg wäiss esou wéi de Schnéi

Net befleckt a frësch gefall

Mat vill Respekt gi mir eis méi

Ronderëm eis knistert et iwwerall

 

De gudde Wëllen ass ze spieren

Verléiftes huet sech breet gemaach

Zwecklos sech dogéint ze wieren

Well de Goût dovun esou gutt schmaacht

 

Mir debattéieren iwwert d’Liewen

Woubäi all Silb eng grouss Bedeitung huet

Vun der Erfëllung no där mir striewen

Éierlechkeet begleet all eenzelt Wuert

 

Wann mir eis vun eisen Dreem erzielen

Mat wat fir Gespenster mir eis ploen

Wat fir ee Wee mir aus Iwwerzeegung wielen

Vun de Mënschen déi mir am Häerzen droen

 

Vun Zäertlechkeeten déi mir vermëssen

Vertrauen ze kënnen dat wär esou schéin

Mir huelen eis an den Aarm zecke kee bëssen

Schreiwen eng nei Geschicht mir zwee am Schnéi

 

© De Poet

Weider Gedichter vum De Poet: 

Das Kissen 

An meinem Ort

D’Käerzen si kaaft

About the author

Roger Peiffer
Roger Peiffer

Geschriwwen hunn ech eigentlech nach ëmmer. Säit 2012 allerdéngs vill méi intensiv. 2014 sinn ech op de Wee gaangen e puer vu menge Wierker op menger Facebook-Säit „De Poet“ ze verëffentlechen. No dem groussen Zousproch vun der Säit hunn ech 2015 mäin éischt Buch “Das Unikat und 100 gefühlte Gedichte” an Eegeninitiativ beim BoD Verlag an enger Oplag vu 500 Bicher drécke gelooss. Schonns no kuerzem war d’Buch ausverkaaft, ass awer nach online, notamment als E-Book ze kréien. 3 nei Bicher si schonns fäerdeg a wäerten deemnächst verëffentlecht ginn.