Gedicht: Fäert net

Wann déi éischt Blieder falen

Da fält deng Stëmmung och

Well deng Séil sech kann erkalen

De Summer ass eriwwer säit enger Woch

 

Fäert net meng Sonnekinnigin

Ech kennen e Mëttel géint kal Féiss

Mir sëtzen eis bei den Uewen hin

A waarmen Téi gemaach ganz Zockerséiss

 

Ech hunn dir eng kuscheleg Décke kaaft

Ech gesinn eis zwee um Canapé

Virum Féier tanke mir nei Kraaft

An halen eis waarm mir zwee

 

Fäert net wann de Wanter kennt

Ech wäert dir faarweg Biller schreiwen

Den nächste Summer kennt bestëmmt

Du kanns dech esou laang u mir reiwen

 

Ech bauen dir een Nascht

Ganz bont voller Phantasie

Do gëtt de Wanter iwwer gerascht

Dëse Wanter dee vergëss du ni

 

Ech huelen dir deng käilt

An deng Zäit driwwer nozedenken

Well’s du mat mir duerch de Wanter gees

Well ech dir meng Wäermt well schenken

 

© De Poet

Weider Gedichter vum De Poet: 

Das Kissen 

An meinem Ort

D’Käerzen si kaaft

About the author

Roger Peiffer
Roger Peiffer

Geschriwwen hunn ech eigentlech nach ëmmer. Säit 2012 allerdéngs vill méi intensiv. 2014 sinn ech op de Wee gaangen e puer vu menge Wierker op menger Facebook-Säit „De Poet“ ze verëffentlechen. No dem groussen Zousproch vun der Säit hunn ech 2015 mäin éischt Buch “Das Unikat und 100 gefühlte Gedichte” an Eegeninitiativ beim BoD Verlag an enger Oplag vu 500 Bicher drécke gelooss. Schonns no kuerzem war d’Buch ausverkaaft, ass awer nach online, notamment als E-Book ze kréien. 3 nei Bicher si schonns fäerdeg a wäerten deemnächst verëffentlecht ginn.