Eng Visite zu Beefort

Beefort: Seng Buerg a säi Schlass

Beefort am wonnerschéine Mëllerdall weist de ganze Summer iwwer houfreg seng Buerg a besonnesch säi Schlass. (Naja, Härenhaus, awer et gläicht schonns enorm engem Schlass).

 

 

Iwwert d’Summervakanz, nach bis den 2. September, ginn et organiséiert Visitte vum Schlass, ëmmer Mueres um 11 Auer an Nomëttes um 4. Am beschte sidd dir mat Zäite bei der Kees fir iech unzemellen. Et ass dann och nëmme méiglech mat klenge Gruppen duerch d’Schlass ze goen. Dat huet awer och den enorme Virdeel, datt e vill matkritt an eng gutt Atmosphär entstoe kann. Et ass dann och kee Problem, wann een sech ganz fréi umellt, wëll am Präis mat dran ass d’Entrée fir d’Buerg, déi dir dann ob eege Fauscht eruewere kennt. Hei gëtt et nämlech ganz vill ze entdecken. An de Ruine ginn eng jett Trapen nach op an of. Iwwerall hänke Plakater mat enger Réi vun Informatiounen. E klengen (makaberen) Extra ass dann d’Folterkummer am Keller. Hei stinn an engem däischtere Raum nach e puer där al Geräter.

 

 

Uewen an der Buerg ass dann den Treffpunkt fir déi weider Visite vum Schlass. Ob e Coup kennt de Guide aus engem Schloff a begréisst d’Leit. Et geet dann och direkt lass. Iwwert eng kleng Bréck vun der Buerg aus geet et eriwwer an den Haff vum Schlass.

 

Während der Visite gëtt et net nëmmen en Bléck hannert d’Maueren. Nee! Begleet ginn d’Informatiounen zum Schlass mat der Geschicht vun den ale Famillen déi iwwer déi lëscht 360 Joer hei gelieft hunn. Dat Ganzt gespeckt mat lauter skurrillen Anekdoten. Am Schlass kann e mat vill Léift, am Still vun de verschiddene Epochen, dekoréiert Zëmmere bewonneren. Mir sinn déi enorm schéin a gigantesch grouss Schreifdëscher besonnesch an d’Aa gefall. Niewent den Zëmmer gesäit een awer och déi al Kichen, d’Ställ an d’Brennerei. An de Gäert kennt dir iech da nach virstelle wéi se hei wuel gelieft hunn.

 

 

Jee nodeems a wéi vill Sproochen d’Visitte gemaach gëtt, dauert se eng bis gutt annerhallef Stonn. No der Visite kann e sech da bei enger Degustatioun vum lokale Liqueur a fir d’Kanner e Jus, stäerken.

 

Finalement luede ronderëm d’Buerg an dem Schlass och nach eng jett Weeër ob en Trëppeltour duerch d’Bëscher vum Mëllerdall an.

 

 

Entréespräisser

  • Just fir d’Buerg (Buerg ass all Dag vun 9-18 Auer ob): Erwuessenen: 5 € – Kanner a Studenten: gratis – Mat Kulturpass: gratis
  • Fir Buerg a Schlass: Erwuessenen: 10€ – Kanner a Studenten: 5€

 

Fotoen vun der Visite kënnt dir hei entdecken!

 

Wat et soss nach alles zu Lëtzebuerg ze entdecken an ze maachen gëtt:

  • Fir all d'Vëlosfans: Piste Cyclable Terre Rouge. By Nico Brettner (Op Däitsch)
  • Kennt dir schonns den CFL Multimodal!? Den Nico war bei der Porte Ouverte an huet hannert d'Kulissen gekuckt. By Nico Brettner (Op Lëtzebuergesch)
  • Wat een soss nach kann alles an der Natur maachen am Summer, wees d'Ruxandra. By Ruxandra Soare-Lelubre (Op Englesch)

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.