E Gedicht fir Mammendag

Fir all d'Mammen

Léif Mamm;

 

Viru Joren hues du mech an d'Welt gesat,

An säit hier nëmme gutt iwwert mech geschwat.

Du waars a bass ëmmer fir mech do,

Och wann ech munchmol sinn eng Plo!

 

An all Moment, och wann et mir schlecht geet,

Kann ech dir erzielen, mäin schrecklecht Leed.

Du bass meng Mamm, déi eenzeg wou ech hunn,

Dat ass déi gëlle Wourecht an och net gelunn!

 

Mamma, du bass déi Bescht wou et gëtt,

An a mengem Häerz stees du ëmmer an der Mëtt.

Ech hänken un dir, an dat soll och esou bleiwen,

Ech wéilt et net mësse wéi deng Hänn meng Bake reiwen.

 

Mamma, eppes sief emol gesot,

An ech hoffen all Kand zielt dat doheem am Stot,

Ech hunn dech onendlech an iwwert Alles gär,

An du meng Mamm, bleifs éiweg mäin Stär!

 

About the author

Nadine Oliboni-Frisch
Nadine Oliboni-Frisch

Née en 1980 au Grand-Duché du Luxembourg, d'origine luxembourgeoise, je me suis établie au Sud du Pays. À côté de ma vie professionnelle, j'adore passer beaucoup de temps avec ma famille et mes animaux domestiques. J'adore inventer et écrire des histoires courtes en tout genre (enfants, chick lit, horreur, fantasy) en luxembourgeois et en anglais.