Dem Nadine säi Punsch

Dat perfekten Wantergedrénks fir Kleng a Grouss

Dëst ass een Revive vum Nadine sengem Artikel vum leschten Joer 

Wat gëtt et Besseres wéi en gutt waarmt Gedrénks, wann et dobausse kal ass. Nieft Schocki, Téi a Kaffi, firwat net och eppes méi Fruchteges probéieren. De Klassiker mat roudem Wäin, de Glühwäi kann een och ouni Problem ouni Alkohol maachen. D'Nadine seet eis wéi et geet:

 

Fir Erwuessener:

  • 1 Liter roude Wäin
  • 1 Orange an 1 Zitroun
  • 2 Staange Kanéil
  • 3 Neelen
  • 4 Läffele brongen Zocker

 

D'Orangë an d'Zitroun a Scheiwe schneiden. Sämtlech Liewensmëttel an en Dëppe ginn. Lues erhëtzen, bis zu deem Punkt wou ee mengt et géif gläich kachen. Mee opgepasst, et dierf net kachen! Dann en Deckel op d'Dëppe leeën, a Minimum gutt 30 Minutten zéie loossen (ouni ze hëtzen). Dono duerch e Sift lafe loossen. Wiem et net séiss genuch ass, kann nach mat Zocker oder Hunneg nooséisse wann een de Glühwäi virum servéieren nees erhëtzt.

 

Fir Kanner:

  • 1 Liter rouden Drauwenjus
  • 600 ml Äppeljus
  • 400 ml ongeséisste Friichtentéi
  • 1 Staang Kanéil
  • 6 Neelen
  • 50 ml frësch gepressten Zitrounenjus

 

Alles bis op den Zitrounenjus an en Dëppe ginn. Lues erhëtzen, bis zu deem Punkt wou ee mengt et géif gläich kachen. Mee opgepasst, et dierf net kachen! Dann en Deckel op d'Dëppe leeën, a vir Minimum gutt 60 Minutten zéie loossen (ouni ze hëtzen). Dono duerch e Sift lafe loossen. Virum servéieren nees erhëtzen an an deem Moment de frësch gepressten Zitrounejus dobäi ginn.

 

Loost iech et schmaachen!

About the author

Nadine Oliboni-Frisch
Nadine Oliboni-Frisch

Née en 1980 au Grand-Duché du Luxembourg, d'origine luxembourgeoise, je me suis établie au Sud du Pays. À côté de ma vie professionnelle, j'adore passer beaucoup de temps avec ma famille et mes animaux domestiques. J'adore inventer et écrire des histoires courtes en tout genre (enfants, chick lit, horreur, fantasy) en luxembourgeois et en anglais.