Déi bescht «Gutt Noriichten» vum Newsdraach vum Januar

Den Newsdraach dreemt dovun, datt seng gutt a positiv Noriichten op Lëtzebuergesch de Leit dobausse gefalen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zauberen oder e waarmt Gefill vu Freed vermëttelen. An dësem Artikel erzielt hien Iech déi bescht « Gutt Noriichten » vum éischte Mount am Joer 2019. 

Méi Mobilitéit um Land: Matfuerbänke kommen op ville Plazen erëm an d'Moud

Den ëffentlechen Noverkéier léisst um Land weiderhin ze wënschen iwwreg. Momentan geet eng Iddi ronderëm, déi fir méi Mobilitéit an den Dierfer an Däitschland suergt: d'Matfuerbänk.

Quell: kommunal.de / trendsderzukunft.de

Bild via Oberfranken.de

___________________________

Entstresst d'Klassenzëmmer: Bréngt de Schüler, Studenten an dem Léierpersonal Uechtsamkeet bäi

Beim Probéiere fir de Chaos am Klassenzëmmer an de Grëff ze kréien, ass et meeschtens dat Bescht alles emol erofzeschrauwen. Amplaz séier eppes wëllen hinzekréien, benotze mëttlerweil vill Proffen "Mindfulness" fir hir Schüler erofzekréien. Dës Method bréngt erëm Rou an de Klassesall an hëlleft de Schüler eng ënner Rou opzebauen.

Awer et mécht nach vill méi wéi dat! Et hëlleft och bei Angscht a bei Stress, bréngt Selbstvertrauen a bréngt Rou.

Quell: forbes.com

______________________________

Medikament, dat eng Dosen ‘onheelbar’ Kriibszorten heele kann, gouf zougelooss—an d'Firma versprécht ze hëllefen, datt all Patient sech et leeschte kann.

D'Medikament gëtt de Moment vu Bayer ënnert dem Numm Vitrakvi vermaart.

Quell: goodnewsnetwork

______________________________

Finnland huet praktesch keng Obdachlos méi

D'lescht Joer war Finnland dat eenzegt EU-Land, dat net an enger massiver Obdachlosekris war.

D'Y-Foundation ass eng Organisation, déi fir Finnland „Housing First“ Wunnengen zur Verfügung stellt.

Quell: independent

______________________________

24-Stonnen-Haffbuttek setzt op Éierlechkeet

Am Haffbuttekscontainer vum Bauer Hans Goldenits kann een zu Neusiedl am See an Éisträich ronderëm d'Auer Geméis an heemesch Produkter akafen. Beim Bezuele vertraut hie ganz op d'Rechnen an d'Éierlechkeet vun de Clienten.

Quell: burgenland.orf.at/

Dir wëllt all Dag op d’mannst eng Portioun gutt Noriichten, da kuckt emol beim Newsdraach op Facebook laascht :) 

About the author

Tania Hoffmann
Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.