Claude’s Spring Must Haves

Bequemlechkeet steet am Trend

Et ass schonn eng gutt Zäitchen hier dass ech en Artikel iwwer Moud geschriwwen hunn. Wéi Dir vläicht wësst hat ech ëmmer mäin eegene Blog op deem ech iwwer Moud a Lifestyle geschriwwen hunn a mech selwer dee Moment an de verschiddene Kleeder presentéiert hunn. Wéi ech dunn awer mäi Master an der Kommunikatioun zu Bréissel gemaach hunn, meng Matbewunnerin (wat oft meng Fotoe gemaach huet) zréck op Lëtzebuerg gaangen ass, hunn mir Zäit an awer och d’Iddie gefeelt fir de Blog weider um Lafenden ze halen.

 

Natierlech hätt ech bestëmmt iergendwou Zäit fonnt wann ech wierklech gewollt hätt ma ee vu menge Prinzipien ass dass wann ech eppes maachen da maachen ech et richteg an net just hallef. Fir mech ass et dee Moment net a Fro komm de Blog just sporadesch weider ze féieren a mech ze zwéngen Artikelen ze schreiwen a Fotoen ze maachen. Duerch mäin Blog Imaginetheswallow.com, deen ech fir 5 Joer gefouert hunn (an deen nach ëmmer online ass falls der virwëtzeg wäert ;) ) hunn ech awer immens léif Leit kenne geléiert a ganz vill iwwer Social Media geléiert sou dass ech déi Zäit ni mësse wéilt. 

 

Haut, bal 2 Joer nodeems ech opgehalen hunn, hunn ech mäin Master an der Täsch an hunn mech als Social Media Manager selbststänneg gemaach.  Nieft der Passioun fir Social Media ass awer och meng Passioun fir d’Moud bliwwen. Dofir duecht ech dass ech dësen Artikel huelen an Iech meng Must-Haves* fir dëst Fréijoer presentéieren: 

  • einfach (wäiss) Sneakers déi eng liicht Plateau Suel hunn
  • a weit Boxen, oft mat Blummen oder engem Muster 

 

 

Dir mierkt et geet Richtung Bequemlechkeet ! Mir quëtschen eis Féiss net an enk Ballerinnen oder Highheels, nee mir wiele Sneakers a kënnen déi sportlech ma awer och méi schick mat enger Jupe oder engem Rack kombinéieren. Mir quëtschen eis och net méi all Daach an eng skinny Jeans déi eis anengt ma mir loossen eise Been e bësse Fräiraum mat wäit ausgestallte Boxen.

 

Ech hunn iech eng Partie Fotoe vun e puer vu menge léifste Blogger zesumme gesicht fir dass dir en visuellt Bild hutt vun deem wat ech grad geschwat hunn. Ech inspiréiere mech a Saache Moud nach wie vor oft u Blogger :)  Ech hoffen et gefält Iech a kann Iech inspiréieren är Fréijoersgarderobe opzefrëschen.

 

Fir d’Fotoen am Kontext ze gesinn, sinn hei d’Links op déi jeeweileg Blogposts: 

*Meng 2 Must - Haves si vläicht elo net déi neisten Trends (ech schwätzen net vu vintage Sneakers, spacey Sonnebrëller, oder Wrap Dresses), ma et sinn 2 Kleedungsstécker déi mir den Ament Freed maachen. A schlussendlech fannen ech soll Moud Spaass maachen.

About the author

Claude Marx

Former blogger at Imaginetheswallows.com and Masters graduate in Multilingual Communication, Claude turned her passion for Social Media into her full time job and is now working as freelance Social Media Manager and Content Creator, helping companies build their online presence. In her free time she loves to cook, discover new recipes and create her own. Also she loves to read, travel and watch series.