Chrëschtdags-Kichelcher

Baken mat Kanner

Et gëtt dach bal näischt méi Schéines wéi de frësche Geroch vu Kichelcher am Bakuewe. A wann een déi als Famill zesumme gebak huet ass eis Chrëschtdagswelt dach perfekt.

Mir brauchen:

(fir ee Bakblech)

250 gr. Miel

125 gr. Botter

60 gr. Zocker

1 Péitche[1] Salz

1 Ee

1 Zoppeläffel Kakaopolver

wéi geet elo weider...

Deen Deeg ass ganz einfach a schnell gemaach. Alles, ausser den Kakaopolver, zesumme schmäissen an gutt mëschen bis dir eng deck Knupp Deeg hutt.

Den Deeg an 2 Portiounen Deelen, eng dovunner geet direkt an eng Amachtut. Déi aner Knupp Deeg gëtt nach emol gutt gekniwwelt awer dann mam Kakaopolver. Esou entsteet eng Knupp brongen Deeg déi och an eng Amaachtut kennt.

Esou, an elo ass emol Paus ugesot. Déi zwou Portiounen Deeg gi fir ob mannst eng hallef Stonn an de Frigo.

Wann den Deeg dann nees gutt fest a kal ass geet et weider. Elo musse mir den Deeg platt maachen. Dat geet ganz gutt direkt mam Deeg an der Amaachtut. Jo gleef mir et... Matt der Deegrull einfach esoulaang den Deeg platt rullen bis en nach ongeféier en ½ Zentimeter deck ass.

Sou an dann mat de Stiechformen Stécker aus dem Deeg stiechen an ob de Bakpabeier um Bakblech leeë.

Wa just nach kleng Rescht Deeg iwwereg si kann een déi nees zesumme knieden, nach emol aus rullen an nees Figuren aus stiechen. Wann keen Deeg méi do ass an alles um Blech läit geet alles emol fir 10 Minutten an de ob 180C virgeheiztene Bakuewen.

Da mussen d ‘Kichelcher just nach ofkillen an dann...

Gudden Appetit.

 

[1] Péitche ass en aalt Wuert fir eng Prise

SaveSave

Dir krut Loscht um Baken? Wéi wär et dann fir Boxemännercher selwer ze maachen? 

Klickt hai fir dem Nico säin Rezept 

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.