Campagne “Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul”

Mam Andy Schleck als Parrain

Dëst Joer geet d’Campagne MVOS an hier 11. Editioun an dëst Joer dann ass den Andy Schleck als bekannte Persoun bei der Aktioun mat dobäi.

 

MVOS fir wat steet dat? Wat verstoppt sech hannert de 4 Buschtawen?

Déi 4 Buschtawe sti fir “Mam Vëlo op d’Schaff”. Awer et gehéieren der nach e puer méi dozou, nämlech fir den Zousaz “oder an d’Schoul”. All Joer maache méi Leit bei der Aktioun mat. Sou waren et am Ufank manner wéi 500 déi matgemaach hunn. D’lescht Joer hu schonn 3.150 Leit des Aktioun mat hirem Vëlo ënnerstëtzt. Dëst Joer huet d’Aktioun MVOS dann och e Parrain: den Andy Schleck. Zesumme mat him sollen nach méi Leit motivéiert gi fir de Vëlo ze huelen, fir eben op d’Schaff oder an d’Schoul ze fueren.

 

Wéi funktionéiert d’Aktioun?

Dir braucht en Team vu mindestens 2 Persounen a mëllt äert Team dann um Internet-Site vum MVOS (http:www.mvos.lu) un. Domadder hutt dir scho gewonnen. Wëll jidderee dee mat mëscht kritt en klenge Kaddo. Dann gëllt et tëschent dem 15. Mee an dem 31. Juli mindestens 15 Mol de Vëlo ze huele fir den Trajet ob d’Schaff oder an d’Schoul ze maachen. All ëffentlechen Transport do tëschent ass awer och erlaabt. Esou kennt Dir zum Beispill bis ob déi nächst Gare pedalléieren a do den Zuch huelen.

 

Also loosst iech net fléiwen a maacht fläisseg mat beim MVOS!

 

Vill weider Informatioune fannt dir och um Internetsite vum MVOS. Wéi zum Beispill eng Réi vun Temoignagë aus de lëschte Joren oder Rotschléi wat e dann elo brauch fir bei der Campagne mat ze maachen. Dës Informatioune fannt dir ënnert Movs.lu. Lued iech déi kleng Hefter roueg erof a liest se duerch. Ech mengen, dass fir jidderee déi eng oder aner intressant Info dobäi ass. An der klenger Broschür ginn et dann och eng Réi vun Tipps a Tricks fir den Ufänger, dee scho laang net méi um Vëlo souz, awer och soss eng Réi Grënn firwat e méi soll mam Drotiesel fueren.

 

Also huelt iech déi Broschür, liest se duerch an da geet et lass. Mëllt iech un a maacht mat ärem Team beim MVOS 2018 mat!

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.