Buergbrennen

Wou kennt déi Traditioun hier?

Elo ass se un! Dir frot Iech wat? D'Faaschtenzäit. An den éischte Weekend, oder besser gesot meeschtens den éischte Sonndeg, an der Faaschtenzäit, geet d'Buerg a Flamen ob. Den éischte Sonndeg an der Faaschtenzäit ass nämlech de Buergsonndeg.

 

Mëttlerweil, aus ganz praktesche Grënn, gëtt d'Buerg plazeweis awer schonns Samschdeg ugefaangen. Do ass dann och schonn direkt eng éischt Besonneschkeet vun eisem Buergbrennen. Et ass en ganzt aalt Fest dat sech während de Joren ëmmer nees de Leit an der Zäit ugepasst huet. Esou ass och den Trend aus de lëschte Joren ze verstoen. Samschdes gi haut ze Daags méi Leit eraus wéi Sonndes, wou een dach léiwer an der Stuff sëtzt.

 

Awer déi grouss Fro ass: wou kennt déi Traditioun hier?

Wéi so dacks ass et eng ural Traditioun, zum Enn vum Wanter en grousst Féier ze maachen. Schonn déi al Réimer hunn e Koup Holz ugefaangen. An dat wéi mir wëssen ass dann och bliwwen. Fir de Buergsonndeg, oder soe mir léiwer, fir d'Fest vum Buergsonndeg (wëll et ass jo och dacks scho Samschdeg) gi grouss Kéip aus allerlee Holz a Stréi verbrannt.

 

Sou, do läit dann och emol déi éischt Kromm an der Heck. Wou kennt den Numm Buergbrennen hier? Haut ginn et zwou Erklärungen déi allen zwou schlësseg sinn.

  • Buerg, steet fir Koup, Stréikoup oder “Scheiterhaufen”. Deemno verbrenne mir e Koup Stréi, wat et jo och ass.
  • déi zweet Erklärung seet datt d'Bedeitung Buerg vum laténgesche Wuert "comburo" (Erënnert och un dat franséischt "combuster"), also sou datt et Verbrennen, Brenne bedeit.

 

Iergendwann koume Wander-Priedeger op d'Iddi fir den Heeden hiert Buergbrennen, weiderzeféieren a wëll et jo souwisou esou flott an der Zäit loung ass et dann an d'Faaschtenzäit agebonne ginn.

 

Haut ass et nach eent vun deene grousse Fester am Duerf dat sech gehalen huet. Dännebeem, déi d'Gemeng am Ufank vum Joer gesammelt huet, kommen dann och nach oft fir déi lëschte Kéier zum Asaz an dann nach Stréi dobäi a schonns steet de Koup. Dobäi gëtt et wéi ëmmer a Lëtzebuerg nach eppes fir den Duuscht an den Honger.

 

E bëssche méi makaber schwätzen dann awer och eng ganz Réi vu Quellen iwwert d'Buergbrenne bei eise Virfahren, de Kelten. Si sollen och Mënschen, als Affer (Opfer), um Koup mat verbrannt hunn.

 

Wéi all Quellen zum Buergbrenne gëtt et keng wierklech gutt, ma méi Quellen, déi verschidden Erklärungen bidden. Wëll deemools wou alles ugefaangen huet, huet nach keen iergendeppes fir d'Nowelt ofgeschriwwen, dowéinst kenne mir haut nëmme spekuléieren...

 

Fest steet just, dat et Buergbrenne schonns enorm laang geet a datt et haut fir et Verdreiwe vum Wanter steet...

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.