Bastele mat Muschelen

Vakanzen- a Summerfeeling fir doheem

Vill Muschelen hunn mer aus der Vakanz matbruecht. De gréissten Deel läit elo um Fong vun eisem Aquarium, wat säi Charme ausmëscht an eis nach laang un eis flott Vakanz erënnere léisst. Mam Rescht hate mäin Bouf de Nicolas an ech nees Loscht ze bastelen.

 

Et kann ee wierklech vill bastelen, an zwar vu Muschel-Männercher, iwwert Schmuck, bis hin zu engem Muschel-Mobilé, koumen eis vill Iddien an de Kapp. Mee mir wollte mol einfach eppes méi Spezielles bastelen. Fir d'Mamma an de Pappa hunn mer en Muschel-Teelichtglas gebastelt, a fir eisen Nicolas hunn mer elo zu Esch en Mini-Mier :)

 

Muschel-Teelichtglas

Et brauchen en proppert Gebeessglas an eng Koll-Pistoul. Wann d'Koll-Pistoul waarm ass, einfach d'Muschele ronderëm d'Glas pechen, wéi ee grad Loscht huet. An schonn ass de romantesche Moment perfekt.

 

Mini-Mier

Mir hunn e ronne Blummeback aus Stee benotzt. Als Éischt gëtt e bëssi Buedem an de Fong geluecht. Dann hunn mer Weier-Folie geholl, an iwwert de Buedem geluecht. Lo musse mer d'Ofgrenzung tëscht dem Waasser an dem Sand schafen. Do hiewe mer d'Folie an der Mëtt héich, mee sou dass déi Säit wou d'Waasser kënnt d'Folie um Buedem bleift. Déi Säit vum Buedem gëtt mat Sand gefëllt bis op déi Héicht wou ee wëll. Dann lee mer d'Folie iwwert de Sand a verstoppen se nach mat enger Lo Sand. Zum Schluss dann déi aner Säit mat Waasser. Dann gëtt mat Muschelen a Steng dekoréiert, an eventuell och nach mat e bëssi Gegréngs, a fäerdeg ass eist Mini-Mier.

 

Vill Spaass!

 

Entdeckt nach aner flott Aktivitéiten fir mat Kanner ze maachen:

  • Wann d'Wierder gutt ass, ass et fir d'Kanner den gréissten Spaass mat Waasser ze spillen. Mir hunn déi beschten Waasserspiller fir Kanner erausgesicht. By Nadine Oliboni-Frisch. (Op Lëtzebuergesch)
  • Fir all déi, déi virun der Rentrée nach eng Kéier wëllen en Kuerztrip maachen. Firwat net op Paräis fueren!? By Murielle Demuth-Wagener (Op Däitsch)
  • Och an der Kiichen kann een sech e bëssen Summer erhaalen mat dësen flotten Rezepter fir roud Friichten anzemaachem. By Lynn. (Op Franséisch)

About the author

Nadine Oliboni-Frisch
Nadine Oliboni-Frisch

Née en 1980 au Grand-Duché du Luxembourg, d'origine luxembourgeoise, je me suis établie au Sud du Pays. À côté de ma vie professionnelle, j'adore passer beaucoup de temps avec ma famille et mes animaux domestiques. J'adore inventer et écrire des histoires courtes en tout genre (enfants, chick lit, horreur, fantasy) en luxembourgeois et en anglais.