1001 Paangecher fir de Mound

E Kannerbuch fir grouss a kleng

Am Buch 1001 Paangecher fir de Mound, engem wonnerschéin illustréierte Buch erzielt d’Catharina Michelini d'Geschicht vum Sofia, dem Amir an der Hex. Et ass eng Geschicht fir Grouss a Kleng, déi net nëmme spannend ze liesen ass, mä och vill léierräich Informatioune mat op de Wee gëtt.

Et fänkt esou un: Well den Amir net op seng grouss Schwëster lauschtere well, geet hie mat der Hex mat an...Erlieft dann esou muncht Abenteuer.

Nieft der spannender Geschicht ronderëm den Amir fënnt een och ëmmer nees kleng Erklärungen déi mat flotten Illustratiounen an einfache Wierder de Kanner léierräich Informatioune mat op de Wee ginn. Wou zum Beispill den Hunneg hierkënnt, deen d'Hex an hir Hunnegkichelcher mécht, mat deenen si den Amir fiddert. Wéi ee Paangecher mécht a wat alles do dra kënnt. An nach Villes méi!

 



Zu gudder Lescht fënnt een um Enn vum Buch dann och nach ee fantastescht Rezept vir eppes wat Kleng a Grouss nämmlecht gären hunn. Wat dat wuel kéint sinn!? An wéi d’Geschicht mat der Hex weidergeet? Abee, dat verroden ech iech hei elo nach net!

Vir all déi, déi elo virwëtzeg sinn an déi wëlle wësse wat dann elo mam Amir geschitt a wéi ee Rezept op de leschte Säite vum Buch wuel steet: Stay tuned... ;)

 

 

Informatiounen zum Buch:

1001 Paangecher fir de Mound – Catharina Michelini – Zoom Editions

 

D'Buch "1001 Paangecher fir de Mound" gëtt et nach bis den 28. Mäerz 2018 hei ze gewannen! Vill Gléck!

 

Méi Biicherrecommandatiounen vum Martine:

  • Sidoni Seel vum Andy Steffen mat Zeechnungen vum Linda Scholtes
  • TelMo vum Roland Meyer - EEnt vun de Ge¨wennerbiicher op den Wlafer Biicherdeeg 2017 an der Rubrique Kannerbicher
  • Chamäleons vum Anja Di Bartolomeo
  • L'Ombre de Vincent vvum Marc Wilwert

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende