Mountainbiken am Wanter... Do stellt een sech gäre mol eng Sortie mam Vëlo vir. Am Schnéi, bloen Himmel a puer Sonnestralen op der Haut. Jo, sou eng Sortie am Schnéi ass ëmmer flott a vill Biker freeën sech wann dann di éischt Flacke falen. An der Realitéit sinn déi romantesch Deeg wou een iwwert de wäissen Teppech fuere kann awer leider staark limitéiert an de Wanter weist oft e ganz anert Gesiicht. Mol dréchen an äiskal, oder wei aktuell relativ waarm, awer richteg naass.

Dofir muss een op e puer Saachen oppassen, ma dann kann een awer Motivatioun virausgesaat och am Wanter duerch d'Bëscher jauwen, z.B. am Fräiheetsbam, respektiv dem Bambësch.

Den ganzen Artikel fannt dir hei...