Schonn direkt wou ech op de grousse Parking beim Centre Culturel “Op der Fabrik” eragefuer sinn, huet mech eng grouss Statue vun engem Vëlosfuerer begréisst, zimlech sécher sollt ech mech hei a gudden Hänn fillen.

 

Wierdertechnesch hunn d’Ausleefer vun engem sonnege Weekend nach fir en zimlech agreabelt Biker Klima gesuergt. Déi éischt Partie vun der Streck war zimlech dréchen, am leschten Drëttel sinn ech awer net laanscht de Bulli komm, mä dozou méi spéit. Ganz egal wéi d’Wieder och ass, mat sengen 817 Héichtemeter op 33 km kënnt ee jee no Drock op der Pedall méi oder manner an d’Schweessen.

 

Wéi den Trail dem Christian gefall huet an op wat een oppassen muss, dozou méi a sengem Artikel hei